1. PRÄIS AM CONCOURS DE THÉÂTRE AN DE ROTONDES
Publié le 02/07/2017Den 13. Juni war an de Rotondes d’Finale vum Concours de théâtre scènes à 2/3, bei deem dräi Gruppen aus dem Mamer Lycée matgemaach hunn. Am Ganzen goufen zwielef Stécker vu Schüler aus véier verschiddene Lycéeën gespillt. Eis Schüler konnten souwuel de Jury wéi och d‘Publikum iwwerzeegen a kruten zwee Mol den 1. Präis:
De « prix des participants » war fir d’Stéck «Le rien, le pire et le meilleur» mam Federico Colavitti (6CM1), Joana Lopes a Roberto Vieira (T1GC2).
De « prix du jury » goung un de Louis Weber vun der 4CM1, ex aequo mat Schülerinnen aus dem Lycée Robert Schumann.
Félicitatiounen un eis Acteuren! Françoise CHRISTNACH – 06/2017