D’Philosophie vum „Josy goes green“
LJBM goes green – Op de Klimawandel, de Verloscht vun der Biodiversitéit oder d’Plastiksproblematik; et ginn de Moment genuch Ëmweltproblemer, déi net nëmmen dës, mee och déi folgend Generatiounen beaflossen wäerten.
De Lycée Josy Barthel ass sech de groussen Erausfuerderungen, déi op eis zoukommen, bewosst a mécht méi wéi nëmmen driwwer ze schwätzen: op dëser Säit wäerten konkret Projeten opgelëscht ginn, déi mir bei eis am Lycée realiséieren an déi hiren Deel dozou bäidroen, eis Zukunft e bëssen méi nohalteg ze gestalten.
Waasser drénken, Plastik spueren - déi nei LJBM Drinkbottle ass do!
D’Retab-Fläsch (50cl) ass aus Borosilikatglas a gëtt vun enger dänescher Firma an Europa produzéiert. D’Benotzen vun der Drénkfläsch reduzéiert net nëmmen de Plastikverbrauch, ma et huet och en Impakt op den CO2-Ausstouss. Weider Informatiounen zur Nohaltegkeet vun dëser Fläsch fannt der hei.
Weider Informatiounen zum Verkaf vun der Fläsch komme no .
Hello Spring 2.0
An der frëscher Loft Déieren- a Planzenaarten observéieren an digital bestëmmen; alles am Respekt mat der Natur – dat sinn d’Ziler vum „Hello Spring 2.0“!
2021 waren et eng 240 Schüler aus 4 Lycéeën, déi op dës Aart a Weis ëm déi 3600 Observatiounen an d’iNaturalist-Datebank agespeist hunn. D’Donnéeën, déi vum Musée verwalt ginn, erlaben en Abléck an d’Biodiversitéit vu Lëtzebuerg.
Och den LJBM war mat 6 Klassen gutt vertrueden a mir gratuléieren dem Här Gabriele, dee mat der 7C2 de Klassepräis gewonnen huet. D’Klass kritt eng Rees an de Biodiversum op Remerschen bezuelen a mir wënschen vill Spaass dobäi!