C.I.A.

Den Departement C.I.A. (Classes Inférieures Artisanat) regroupéiert ënnerschiddlech Atelieren an Optiounen, déi de Schüler vun de classes inférieures vum Enseignement secondaire général a vun der Voie de préparation d’Méiglechkeet ginn, en Abléck a verschidden Handwierker ze kréien. Op dësem Wee fënnt deen een oder anere Schüler seng Talenter eraus an esou eventuell säi Wee a seng berufflech Zukunft. D’Schüler vum Enseignement secondaire classique kréien iwwer verschidden Optiounen och d’Méiglechkeet, sech mat deem engen oder aneren Atelier vertraut ze maachen.

D’Coure gi gehale vun enger dynamescher Ekipp, déi vun hirer Erfarung aus dem ëffentlechen Déngscht an och aus dem private Secteur kënne profitéiere fir de Schüler e realistescht Bild vum Handwierk ze ginn.

An de verschiddenen Ateliere gi berufflech Grondkenntnisser an -Handgrëffer gefuerdert, mee awer och fächeriwwergräifend Kompetenze praktesch gefërdert, wéi z.B. Mathematik, Geometrie, technescht Zeechnen, Sproochkenntnisser, Liesverständnes…

 

Kichenatelier

Enseignante MEYER Simone, HANCK Peggy

 

 

 

 

 

 

Am Kichenatelier kréien d’Schüler d’Méiglechkeet Basishandgrëffer am Baken a Kachen kënnenzeléieren an auszeprobéieren. Dës weidere léieren si d’Sécherheets- an d’Hygienesregele kënnen an uwenden. Och gëtt de Kichenatelier hinnen d’Méiglechkeet Gruppenaarbecht kennenzeléieren an hier Organisatiounskenntnisser ze vertiefen.
No engem theoretescher Aleedung, gëtt zesumme gekacht oder gebaak. Dono gët an der Grupp zesummen giess. An zum Ofschloss gët dann natierlech gespullt, gebotzt a geraumt.

 

Holzatelier

Enseignant BETZ Théid

 

 

 

 

 

 

Am Holzatelier huet Theorie och seng Platz (z.B. technescht Zeechnen a Mathe), mee virun allem ass de Cour praxisorientéiert. An dësem Atelier kréien d’Schüler iwwer de Wee vum praktesche Schaffen, gewisen wéi ee mat Holz schaffe kann a wéi villsäiteg d´Matière Première Holz ass.

d’Schüler léieren d´Grondbegrëffer, d´Handwierksgeschier an d´Maschinnen aus dem Schräinerberuff kennen an natierlech och wéi een dës benotzt. d´Sécherheet vun de Schüler huet dobäi ëmmer Prioritéit.

Nieft fachiwwergräifende Kompetenze ginn d’Eegenresponsabilitéit, d´Autonomie awer och den Teamwork gefërdert an entwéckelt.

 

Gaardenatelier

Enseignanten: FIORITI Emmanuel, KLEIN Marc

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Der „Grüne Daumen“ besteht aus Aufmerksamkeit und Zuwendung.

Anke Maggauer-Kirsche

Zënter e puer Joer huet de Lycée Josy Barthel Mamer ee grousse Schoulgaart. De Schoulgaart ass ee Gemeinschaftsprojet vu ville Klassen. Zesummen hale mir de Gaart an der Rei, séinen, planzen an ernte Geméis, Kraider a Blumme vun allen Zorten a Faarwen. Mir organiséiere reegelméisseg ee Verkaf vun eise Produiten aus dem Gaart. Den Erléis ass fir de Fond de solidarité vum Mamer Lycée an erlaabt et, fir Schüler bei Ausflich finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen. En Deel vun eisem Geméis an eise Kraider gëtt awer och am Kichenatelier verschafft.

Et läit an der Natur vun der Saach, dass de Gaardenatelier an der frëscher Loft stattfënnt. Hei léieren d’Schüler souwuel d’Gaardegeschir wéi awer och déi ënnerschiddlech Geméiszorte kennen a ginn no an no un all d’Gaardenaarbechten erugefouert. Dobäi gi Kompetenze wéi Teamgeescht, Autonomie, Responsabilitéit a Verantwortung genee esou gefërdert, wéi klassesch schoulesch Kompetenzen duerch praktesch Uwendungen aus der Mathe oder de Sproochen.

 

Elektroatelier

Enseignant: HEMMER Lucien

 

 

 

 

 

 

 

Et geet am Elektroatelier dorëm de Schüler en klengen Abléck an de Beruff vum Elektriker ze erméiglechen. Haaptsächlech sollen Handgrëffer an manuell Kompetenzen entwéckelt gi!  Dobäi kënnt d’Handwierksgeschier vum Elektriker zum Asaz. Et soll präzis Schaffen an selbstkritescht Beurteelen vun Aarbechten gefërdert gi! Och gi mat Hëllef vun klengen Projetsaarbechten ganz einfach elektresch Stroumkreeser opgebaut an erkläert.

Natierlech geet an dësem Atelier och Wäert op d’Sécherheet am Ëmgang mat Geschier an Material sou wéi un Recycling geluecht!

 

Metallatelier

Enseignant: ANTOINE Eric

 

Am Metallatelier kréien d’Schüler en Deel vun den Techniken vun der Metallveraarbechtung gewisen. Hinnen soll d’Freed vermëttelt ginn, eppes mat hiren Hänn ze fäerdegen. D’Kreativitéit gëtt ganz grouss geschriwwen, a lues a lues kann de Schüler méi autonom schaffen, an seng Ideeën mat abréngen. U verschiddenen Aarbechten muss op mannst zu zwee geschafft ginn, sou dass den Teamgeescht gestäerkt gi kann. Dem Schüler gëtt och erkläert, wei déi verschidde Metaller entstinn, a wisou de Recycling esou wichteg an dësem Beräich ass, well alles zu quasi 100% erëm verwäert gi kann.

 

 

Option Photographie

Enseignant: ANTOINE Eric

 

De Schüler gëtt erkläert, wéi eng Kamera funktionéiert, a wéi si domat ëmgoë kënnen. De ganze Cours ass praxisorientéiert, wann och kuerz op Bildrechter a Gesetzer agaangen gëtt. De Schüler gëtt den Ëmgang mat der Bildveraarbechtung méi no bruecht a si kënnen dat Wëssen relativ séier bei hiren eegene Biller selwer uwennen. Tipps an Tricks, wéi Biller mat speziellen Techniken oder aus anere Perspektiven realiséiert gi kënnen, ass e grousse Bestanddeel vum Cours. Well mir meeschtens bei den Aufgaben a Gruppen schaffen, gëtt och hei d’Aarbecht am Team grouss geschriwwen. Vun engem Portrait bis zum Lightpainting ass fir jiddereen eppes dobäi.