Hei e puer flott Fotoe vum WENZELSWEE, deen d’Klassen 7ES1, 7ES2 an 6CM2 den 12. Juni 2017 mat hire Proffen gaang sinn. Barbara FABER, Ursula SCHEIDEN, Françoise CHRISTNACH & Bob LEURS – 06/2017
D’Schüler vun der 11PS an hir Proffen Anouk Meyer a Claude Lorang haten d’Geleeënheet Strosbuerg ze besichen. Bei wonnerbarem Wieder si mir fir d’éischt de Quartier européen mam « Parlement européen », dem « Palais des droits de l’homme » an dem « Conseil de …
Préparation de la LJBM Party Och dëst Joër fent ërem eis flott Schülerparty am LJBM statt. D’Anne-Marie Kieffer, den Théid Betz (mat senge Klassen), den Tun Bisdorff an d’Tessy Mersch hunn sech dofir zesumme mat eisem Schülercomité ëm d’Dekoratioun bekëmmert.” …
Hei e Link op d’Dropbox mat de Fotoen vun der flotter Editioun vum Velosdag Editioun 2017.
E Freiden, de 7. Juli, war den LJBM um Schachtournoi am Iechternacher Lycée mat véier Schüler vertrueden. Chris FELTEN – 07/2017
Op hierem éischten Optrag ausserhalb vum LJBM huet eis Schoulband Josy S(w)ings den 9. Juli am Kader vun der Journée Portes Ouvertes vun der Caserne Grand-Duc Jean um Härebierg fir de musikaleschen Encadrement gesuergt. Si hunn eng super Performance ofgeliwwert …
D’Schüler vun der 12GE1 ware vum 3.7. – 6.7. op enger Studiërees zu Hamburg. Si waren a Begleedung vun hirer Engleschproff, der Madame Diane Neises, an hirem Physiksproff, dem Här Marco Majerus.Si hunn eng Stad erlieft, déi sech op den …
De Projet “The SUN” (ee Bild aus eenzelnen Holzlamellen) ass vun den Schüler aus der 9STP3 realiséiert ginn. Mat vill Aarbecht a Gedold hunn d‘Schüler all eenzelt Stéck geschnidden, ugepasst an d‘Faarwekombinatioun selwer bestëmmt. Op der Porte Ouverte vum Lycée …
Ce jeudi 6 juillet, les élèves de la classe de 11TG ont visité le Parlement Européen à Strasbourg. Ils étaient accompagnés de leur régente, Madame AGOSTA. 07/2017
„Ee klenge Geste, eng grouss Wierkung“ war den Titel vun der Konferenz, op déi d’Schülerinnen an d’Schüler vun der 10PS1 de 15. Juni agelueden haten. Ënnert hirer Moderatioun hunn Experten iwwer déi wichteg Themen Bluttspend, Organspend, Knachemuergspend, Häerzstëllstand an Hireschlag …