Du, d’Natur an
d’Wëssenschaft

Nos dernières actualités

Visitt vum Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof
De leschte Freideg hu sech ronn 120 Schüler mat hire Proffen op eng beweegend Rees an d’Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof gemaach. Dës...
E spannenden éischten Dag fir ons nei 7e-Schüler
En 1. spannenden Dag ass fir d'Schüler vun eis 7e-Klassen eriwwer. No enger Begréissung duerch den Direkter huet de Regent...
Diplomiwwerreechung
De leschte Freideg war d'Diplomfeier bei eis am LJBM, e feierlechen Ofschloss a Präsenz vun eisen Éieregäscht, dem Här Gilles...
Offre scolaire vum LJBM
Déi national Aschreiwungsdeeg sinn de 16., 17. an 18. Juli. Den LJBM huet eng ganz interessant Offre scolaire, virun allem...
Eis 2e-Klassen am ScienteensLab
Als Ofschloss vum Joer sinn all eis 2C- an 2G-Klassen an de ScienteensLab gaangen. D‘Schüler konnte sech individuell fir 1...
LJBM Party
En Dënschdegowend hunn eng 100 Schüler op der LJBM Party den Ofschloss vum Schouljoer gefeiert. Zu de Beats vum Funkmaster...

Wëllkomm

am Lycée Josy Barthel zu Mamer!

   (Video)

De Lycée Josy Barthel Mamer ass eng ëffentlech Schoul mat 1362 Schüler aus ville verschiddenen Nationalitéiten, déi am Alldag alleguerte Lëtzebuergesch matenee schwätzen. Mir hu säit Joere ganz gutt Resultater an den Ofschlossexamen an och bei nationale Concoursen. 

Dëst Joer hu mir eis en neie Motto ginn: “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft”. 

Du gëss hei gutt encadréiert, du fënns hei eng breetgefächert an interessant Offre scolaire, du gëss hei geléiert, wéi s du autonom a selbststänneg kanns schaffen a léieren. 
D’Natur ass eis wichteg. Dofir probéiere mir, d’Schüler am Alldag fir d’Natur ze sensibiliséieren, an och esou ze liewen an als Schoul ze funktionéieren, datt den Impakt op d’Natur esou geréng wéi méiglech ass. 
D’Wëssenschaft ass op all eise Sektiounen omnipresent, an dat souwuel am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire général wéi och an der Formation professionnelle. 

De Lycée Josy Barthel Mamer huet eng flott Infrastruktur mat senger eegener Piscine a ville Méiglechkeete fir Sport ze maachen, dat souwuel dobaussen wéi och dobannen. Mir hunn een eegene Biotop, een eegenen naturnoe Park an och de Mamerdall ass ganz nobäi. 

Schreif dech bei eis an, ech freeë mech op dech! 

Claude Christnach
Direkter vum Lycée Josy Barthel Mamer

Offre scolaire

Classique

Vers les études supérieures, où toutes les professions sont possibles

Général

Un monde de possibilités : études supérieures ou entrée dans la vie active

Préparatoire

Maximiser les chances de réussite : apprendre un métier ou intégrer le général

Professionnel

Devenir un pro de la construction: théorie et apprentissage en entreprise

BTS

Des études à finalité professionnelle, alliant théorie et stages en entreprise

Cours du soir

Offre de cours spécialisés pour adultes, en partenariat avec le LLLC

0
élèves inscrits
0
types d'enseignement
0
enseignants
0
spécialisations