-
Pour signaler un cas positif (élèves et professeurs) veuillez cliquer et remplir ce formulaire:et l’envoyer à covid19@ljbm.lucovid19@ljbm.luFormulairePour toutes vos questions :
Am Kader vun der Optioun Life Science waren eis Schüler vun der 2eC de 24.4.2021 en Dag laang zu Lëlz....
Portes Ouvertes 2021
Léif Schüler aus dem 4.2,
Léif Elteren,
besicht eis w.e.g. op eiser virtueller Porte ouverte ab dem 15. Mee hei ënner www.ljbm.lu.
Weider...
Sabordage!
En collaboration avec le Kinneksbond, les élèves du Lycée Josy Barthel Mamer ont repris la thématique du spectacle “Sabordage” et...
Demokratie Labo 2021
E Mëttwoch, den 28. Abrëll, hunn d'Schüler vun der 2CG-URBS/COMED den "Demokratie-Labo" (https://www.demokratielabo.lu) an der Abtei Neimënster besicht. Dës...
LJBM Klasseprojet
Am Laf vum 2. Semester fënnt op sämtleche Klassen am LJBM e Klasseprojet statt, e Projet souwuel mat enger sozialer...
Wëllkomm am Lycée Josy Barthel zu Mamer!
De Lycée Josy Barthel Mamer ass eng ëffentlech Schoul mat 1350 Schüler aus ville verschiddenen Nationalitéiten, déi am Alldag alleguerte Lëtzebuergesch matenee schwätzen. Mir hu säit Joere ganz gutt Resultater an den Ofschlossexamen an och bei nationale Concoursen.
Dëst Joer hu mir eis en neie Motto ginn: “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft”.
Du gëss hei gutt encadréiert, du fënns hei eng breetgefächert an interessant Offre scolaire, du gëss hei geléiert, wéi s du autonom a selbststänneg kanns schaffen a léieren.
D’Natur ass eis wichteg. Dofir probéiere mir, d’Schüler am Alldag fir d’Natur ze sensibiliséieren, an och esou ze liewen an als Schoul ze funktionéieren, datt den Impakt op d’Natur esou geréng wéi méiglech ass.
D’Wëssenschaft ass op all eise Sektiounen omnipresent, an dat souwuel am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire général wéi och an der Formatioun professionnelle.
De Lycée Josy Barthel Mamer huet eng flott Infrastruktur mat senger eegener Piscine a ville Méiglechkeete fir Sport ze maachen, dat souwuel dobaussen wéi och dobannen. Mir hunn een eegene Biotop, een eegenen naturnoe Park an och de Mamerdall ass ganz nobäi.
Schreif dech bei eis an, ech freeë mech op dech!
Claude Christnach
Direkter vum Lycée Josy Barthel Mamer