À la une
Konferenz zum Thema Logement
Fir dës Matinée sinn follgend zwee Intervenante geplangt:
- Régis Bigot vun Neobuild: Baumaterialie vun der Zukunft
- Observatoire de l’Habitat (LISER): Theme ronderëm d’allgemeng Problematik vum Logement, nei Forme vum Loyerswunnen an d’Wunnsituatioun vu jonke Leit, mat engem Workshop op Basis vun enger virausgaangener interaktiver Presentatioun
“Déclic” ou “des claques”?
Léif Elteren,
mir freeën eis iech op eng Konferenz mam Theema “Déclic” oder “des claques”? Mäin Teenager an ech verstinn eis net méi anzelueden. Dëst gëtt vun eisem Elterekomitee organiséiert.
Den 05.03.2026 um 19h00 am LJBM.
Mat frëndleche Gréiss
Portes Ouvertes 2026
Nous avons le plaisir de vous inviter à nos portes ouvertes
Venderedi 15 mai 2026 de 16h-19h
Samedi 16 mai 2026 de 09h-12h
Actualités
🏊LASEL-Championnatsindividuels🏊♀️
Leschten Donneschde ware mir mat 5 Schülerinnen a Schüler um Geesseknäppche fir de Championnat am Schwamme vun der LASEL.
🏊 Geschwomme gouf a verschiddenen Disziplinnen, an do hunn all eis Schüler gutt Leeschtunge ...gewisen.💪
🏅 Besonnesch ervirzehiewen ass dem Nils seng staark Leeschtung: Hien huet bei de Juniors iwwer 100m Kraul eng exzellenten 3. Platz erreecht.🏊♂️👏
👏 E grousse Merci em Nils, Maurice, Irene, Manon a Michèle fir hiren Asaz!
📊 D'Resultater fannt Dir hei: www.lasel.lu
🇱🇺 Save the date: Portes ouvertes
Kommt laanscht a entdeckt eis Schoul an eis Formatiounen 🏫✨
📅 Freideg, 15. Mee 2026 | 🕓 16:00–19:00
📅 Samschdeg, 16. Mee 2026 | 🕘 09:00–12:00
Mir freeën eis op Äre Besuch 😊
🇫🇷 Save the date : ...Portes ouvertes
Venez découvrir notre établissement et nos formations 🏫✨
📅 Vendredi 15 mai 2026 | 🕓 16h00–19h00
📅 Samedi 16 mai 2026 | 🕘 09h00–12h00
Au plaisir de vous accueillir 😊
🇬🇧 Save the date: Open Day
Come and discover our school and our programmes 🏫✨
📅 Friday 15 May 2026 | 🕓 4:00–7:00 pm
📅 Saturday 16 May 2026 | 🕘 9:00 am–12:00 pm
We look forward to welcoming you 😊
Baustellenvisitt „Muppebréck“: Studenten erliewen de Bau vun enger moderner Foussgängerbréck iwwer d’A3 aus éischter Hand
Bei enger Baustellenvisitt vun der „Muppebréck“ iwwer d’A3 bei Beetebuerg, organiséiert vu Ponts & Chaussées, hunn d'Studenten aus de ...Formatioune Bâtiments et Infrastructures an BTS Building Information Modeling vum Lycée Josy Barthel Mamer de Bau vun enger moderner Foussgängerbréck aus noer Distanz kennegeléiert.
Ënnert der Leedung vum Här Biel, chef de division des travaux neufs, hunn den Här Abrantes an den Här Mahmutovic de Verlaf vum Projet erkläert an d’Koordinatioun vu Verkéier, Sécherheet a Logistik beliicht. Den Här Enk vun der Firma @KTI Schwingungstechnik huet d’Schwingungstechnik demonstréiert, wou d'Studenten d’Eegenfrequenz vun der Bréck simuléiere konnten.
Den Här Cunisse an den Här Frey vun der Entreprise Galère Lux hu weider fachlech Ablécker ginn, an den Här Bichler an den Här Sandt vum Ingenieursbureau Schroeder & Associés S.A. hunn déi statesch an technesch Aspekter – vum Fundament bis zum Materialwal – erkläert.
D’Visitt huet de Studenten eng konkret a motivéierend Vue op de moderne Bréckenbau ginn. Villmols Merci alle Matwierkenden fir déi spannend Excursioun.
🎓✨ Gëschter, de 4. Februar 2026, huet d’Diplomiwwerreechung vun den DAP, CCP an der Promotion de travail an der Philharmonie Luxembourg stattfonnt.
Dës feierlech Zeremonie, déi vun der Chambre de Commerce, der Chambre des Salariés an dem Ministère de l'Éducation ...nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse organiséiert gouf, war d’Geleeënheet, fir déi gutt Leeschtungen an den Asaz vun de Schüler ze honoréieren. Eng besonnesch Éier war et, dass d'Kandidaten hieren Diplom vum Groussherzog Guillaume iwwerreecht kruten.
D’Lara Meiers gouf wéinst hire virbildleche Resultater mam Premier prix vun der Promotion de travail ausgezeechent, eng Leeschtung, op déi den LJBM immens stolz ass.
Mir felicitéieren all de Schüler ganz häerzlech fir hir Reussite a wënschen hinne vill Erfolleg fir hir berufflech Zukunft. 🎓👏
An der ENSA huet den éischte Battle Bot-Tournoi vun dësem Joer stattfonnt – Luxembourg Yells – Robot Chaos! 🤖⚔️
Hei geet et drëms, mat engem selwer gebaute Kampfroboter de Géigner kampfonfäeg ze maachen – an dat an zwou Kategorien: Ants (bis 150 g) a Beetle (bis 1,5 kg).
...
Den LJBM war dobäi – mat senger neier Arena an natierlech och mat eise Schüler am Asaz. Et waren 2 Deeg voller Spaass, flotte Kämpf… an nach méi Reparaturen 😅🔧
E grousse Merci un d’ENSA, MakeIt asbl an d’German Roboteers Association (GRA) fir dëse mega flotten Event! 🙌✨
@makeitasbl @germanroboteers @ensa.lu
Artikel/Video iwwert d’Event:
https://www.lessentiel.lu/fr/video/au-luxembourg-un-combat-organise-pour-des-robots-103497117
D’6P war an der @konschthal_esch fir déi aktuell Ausstellung vum David Claerbout: „Five hours, Fifty days, Fifty years“ kucken. 🎞️⏳
No der Visitt hunn d’Schüler*innen un engem kreative Foto-Workshop matgemaach – mam Fokus op d’Fro: Wéi kënne mir d’Zäit an engem ...Bild festhalen? 📸✨
Hei sinn e puer Resultater aus dem Workshop.
E grousse Merci un d’ Konschthal Esch fir déi flott Visitt an den interessanten Atelier! 🙌
Offre scolaire
Classique
Vers les études supérieures, où toutes les professions sont possibles
Général
Un monde de possibilités : études supérieures ou entrée dans la vie active
Préparatoire
Maximiser les chances de réussite : apprendre un métier ou intégrer le général
Professionnel
Devenir un pro de la construction: théorie et apprentissage en entreprise
BTS
Des études à finalité professionnelle, alliant théorie et stages en entreprise
Cours du soir
Offre de cours spécialisés pour adultes, en partenariat avec le LLLC
