À la une
LJBM Projet d'Établissement
Ënnert dem Titel «Eis Schoul – Een Team – Klare Rollen – Starke Schüler: ein Weg in die Eigenverantwortung und Autonomie» verfollegt eise Pé d’Zil, de Schüler dobäi ze hëllefen, sech selwer besser kennenzeléieren, Responsabilitéit fir sech an hier Matmënschen z’iwwerhuelen an eng positiv Astellung zur Autonomie an dem Schoulalldag z’entwéckelen.
Klickt op den Link fir méi Infos:
Mamer Chrëschtmaart - LJBM
Léif Schüler a Schülerinnen, kommt eis op eise Stand um Chrëschtmaart zu Mamer besichen:
Freides, den 28.11. bis Sonndes, den 30.11.
Freides, de 05.12. bis Sonndes, de 07.12.
Den 30. November trieden eis 7G a 7C op a sangen e puer flott Lidder!
Mir freeën eis op iech!
Actualités
🗣️🇱🇺 Am Kader vun der Semaine de la Démocratie hunn d’Schülerinnen a Schüler vun alle 4e-Klassen den 30. an 31. Oktober un engem Debattéieratelier deelgeholl, dee vum Här Marc Birchen (@menje_script) geleet gouf. 👏
No enger kuerzer Aféierung an d’Reegelen an ...d’Funktioun vun enger parlamentarescher Debatt, hu si selwer an klenge Gruppe (Pro-Equipe, Kontra-Equipe a Jury) eng eegen Debatt geplangt a gefouert. 💬⚖️
Duerch dës Erfarung konnten déi Jonk net nëmmen en zentraalt Element vun der Demokratie erliewen, mee och d’Technik vum Debattéieren entdecken – e wichtege Bestanddeel, deen si och an de Sproochen- a Geeschtesfächer weiderféieren. 🎓✨
📚🇱🇺 Am Kader vun der Semaine de la Démocratie an dem Cours Éducation à la citoyenneté hunn d’Schülerinnen a Schüler vun der 3G3S/GIG a 3GPS den 31. Oktober d’Chamber, also d’Häerz vun eiser legislativer Gewalt, besicht. 🏛️✨
Eng flott Geleeënheet fir Demokratie... mol vu ganz no ze erliewen an e Bléck hannert d’Kulisse vun eiser Politik ze geheien! 🙌
@zpb_lu @Zentrum fir politesch Bildung @chambrelux
🎓📍 Studentefoire um Belval – Mir waren dobäi!
Den Donneschdeg, 30. Oktober 2025, waren all 2e an 1ère Schüler:inne vum Lycée Josy Barthel op der Studentefoire um Belval.
D’Schüler:inne konnten sech iwwer méi wéi 100 Studiegäng 📚 informéieren, froe stellen, ...a nei Kontakter knäppe 🤝 – eng super Geleeënheet fir sech op d’Zukunft virzebereeden!
🧠🎯 Et war e flott, informatiivt a léierräicht Erliefnis fir all d'Schüler:inne, déi dobäi waren!
🌲 D’Schülerinnen a Schüler vun de 7P-Klassen haten d’Chance, hire Teambuilding an der Natur ze maachen! 🤝🍃
🏕️ Niewent enger Iwwernuechtung am Scoutshome, wou si selwer op hirem Feier gekacht hunn 🔥🍲, stoungen och nach vill interessant Aktivitéiten am Bësch um ...Programm 🌳🧭.
👣 D’Natur mol op eng aner Aart ze entdecken, se mat allen Sënner ze erliewen 👂👀👃✋👅 an dat zesumme mam Grupp am Austausch ze maachen 🗣️🤗, war fir si eng super Erfarung! 🌟🌿
📚✨ Liesowend am LJBM
📅 Den 24. Oktober huet eisen traditionelle Liesowend ënnert dem Thema Fantasy 🧙♂️🐉 stattfonnt.
🎃📖 Eis Bibliothéik gouf fir dësen Owend am Halloween-Stil dekoréiert 👻🕯️
Bis 23h00 konnten eis Schüler:inne u ...verschidden Atelieren deelhuelen:
👂 Grujeleg Geschichte lauschteren,
🧟♀️ sech eekleg Wonne schminke loossen,
🎃 a Kürbisse bastelen!
Dëse flotte Projet gouf encadréiert vun:
👩🏫 Mme Kieffer Anne-Marie,
👩🏫 Mme Mertz Joy
an dem engagéierte Service Socio-Éducatif Team 🤝❤️
🧛♂️📚 Een Owend voller Fantasie, Kreativitéit a Gemeinschaftsgefill! 🌌✨
📚 Du bass Schüler:in am Lycée Josy Barthel a lies gär?
Da komm op dem LJBM-Buchclub seng éischt Diskussiounsronn mam moderne Klassiker ënnert Jugendbicher:
„Hunger Games“ 🎯🔥 vum Suzanne Collins.
📖 Lies d’Buch op där Sprooch, déis du wëlls, bis den 02. ...Dezember 📅 a komm um 14:20 an de CDI 🏫 fir:
💬 mat eis iwwert deng Liiblingszenen ze diskutéieren,
😤 lass ze ginn, wat dir manner gutt gefall huet,
📚 an dech iwwert nei Bicher auszetauschen!
👥 Schüler:inne vun all Klasse si wëllkomm!
📘 Du kanns „Hunger Games“ op Däitsch oder op Englesch am CDI vum LJBM ausléinen.
❓ Mell dech bei Froen oder Umierkungen iwwert Teams beim Joy Mertz 💬.
Offre scolaire
Classique
Vers les études supérieures, où toutes les professions sont possibles
Général
Un monde de possibilités : études supérieures ou entrée dans la vie active
Préparatoire
Maximiser les chances de réussite : apprendre un métier ou intégrer le général
Professionnel
Devenir un pro de la construction: théorie et apprentissage en entreprise
BTS
Des études à finalité professionnelle, alliant théorie et stages en entreprise
Cours du soir
Offre de cours spécialisés pour adultes, en partenariat avec le LLLC
