ACTUALITÉ

Foto-Concours Rando Téléthon

Wéinst der Pandemie konnten déi traditionell Dezemberaktivitéiten, ee Kick géint Krankheeten (24 Stonnen nonstop Futtball an der Sportshall vum LJBM...

Tous à vos pipettes!

Dans le cadre du volet Biotechnologies de l’option Life Science, les élèves de la 2CC manipulent micropipettes et microtubes comme...

Wëllkomm am Lycée Josy Barthel zu Mamer!


De Mamer Lycée huet däi Wee.

Ob am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire général oder an der Voie de préparation, an dësem lëtzebuergeschen, ëffentleche Lycée ass et fir all Schüler méiglech, de richtege Wee ze fannen an ze goen.

Een agespillten Team vu méi wéi 200 Leit begleet scho säit 2003 Joer Schüler op hirem Wee vu 7e bis op 1re an doriwwer raus, dat Ganzt an enger onvergläichlecher, familiärer a sympathescher Atmosphär, wou déi néideg Disziplin awer och net ze kuerz kënnt.

Geliefte Solidaritéit, Nohaltegkeet, gemeinsam Wäerter an ee qualitativ héichwäertegen an zäitgeméissen Unterrecht bereeden d’Schüler gutt op d’Examen an op d’Liewen no der Lycéeszäit vir.

D’Offre scolaire ass engersäits breet gefächert an innovativ, setzt awer och kloer Schwéierpunkten an den Naturwëssenschaften, der Architektur an de Sproochen.

Komm an entdeck de Lycée Josy Barthel. Mir si fir dech do!

Claude Christnach
Direkter vum Mamer Lycée

 

OFFRE SCOLAIRE

1362
élèves inscrits
6
types d'enseignement
171
enseignants
7
spécialisations