Visitt um IFSB

Publié le 03/03/2020

Den 3. Mäerz war d’1TPGC2 a Begleedung vun hirem Regent op Visitt um Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB). No enger kuerzer Begréissung vum Här Mélon an engem theoreteschen Input iwwer d’Prinzippie vum Passivhaus ass et un de prakteschen Deel gaangen. D’Klass hat d‘Méiglechkeet, an engem Projekthaus vum Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment eng Dampfsperr un en Daach unzebréngen a Fënstere loftdicht anzebauen. Uschléissend duerften si hir Aarbecht mat engem sougenannte Blower-Door-Test iwwerpréiwen. Am Nomëtteg ass de Site dunn visitéiert ginn, weider Prinzippie vun de Passivhaiser u praktesche Beispiller méi nobruecht ginn an am Gebai vum Neobuild ass op den Développement durable agaangen.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes