Seminär “Visionäre”

Publié le 25/04/2019

Leschten Donneschdeg, de 25. Abrëll 2019, hunn de Federico Colavitti, de Rick Oberweis, d’Mia Herber an d’Lynn Beissel aus dem Schülercomité vum LJBM um Seminaire „Demokratiekultur an eise Lycéeën“ deelgeholl, deen am Chalet vun der FNEL um Cents stattfonnt huet. Dësen Evenement war organiséiert vum Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique („Move“) an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung. Wärend de Workshops haten d’Schüler, mee och d’Begleetpersonal (Ken Dos Santos, Sandra Fratini an Yves Meyer) d’Chance, sech mat den Delegatiounen aus anere Schoulen zu Sujete wéi Coursgestaltung, Matbestëmmungsrecht a Kommunikatioun innerhalb vun de Schouletablissementer auszetauschen. Ausserdeem stoung den Dozent a Gastredner Dr. Wolfgang Beutel mat vill fachlechem Know-How zur Säit.
Mir soen den Organisateure villmools Merci fir dëse flotte Projet, an hoffen op Weideraarbecht an deem Beräich.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes