Schüler léieren de Service Geoportail kennen

Publié le 28/02/2020

E Freideg, den 28. Februar 2020, waren d’Klassen 2eCG URBS an d’3eCG URBS am Kader vum Cours Géographie Territoriale Appliquée a Begleedung vun der Mme Bram an dem M. Steffen eng Visitt vum Service Geoportail an der Administratioun du Cadastre et de la Topographie du Luxembourg maachen.

Um Programm stoungen fir den theoreteschen Deel d’Präsentatioun vum Geoportail, d’Veraarbechtung vun den Orthophotoen an d’Erklärungen zum zukunftsorientéierten Projet LIDAR mam Här Tom Wantzenrieder.

Um Terrain huet den Här Marc Wagener mat senger Equipe eis en Abléck an d’Vermoossungstechniken dobausse ginn an d’Schüler konnte mam Tachymeter a mam GPS schaffen. Erëm  zeréck am  Büro hu si dunn d’Veraarbechtung vun den Donnéeën am Geonis präsentéiert kritt.

Alles an allem war et en immens flotten a gelongenen Dag, wou mir interaktiv geschafft hunn an een dynameschen an zukunftsorientéierte Betrib mat sëllege Beruffsméiglechkeeten kennegeléiert hunn.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes