RENTRÉE SCOLAIRE 2018/2019

Léif Elteren,

Dir wëllt wëssen, wéi de Lycée Josy Barthel aus der Siicht vun de Kanner wouergeholl gëtt? Ob eis Schoul déi richteg Plaz ass, wann Är Kanner mam Cycle 4.2. fäerdeg sinn?

D’7es-Schüler vun der 7C2 hu mat hiren iPads 2 flott Filmer gedréint, déi d’Schoul och mol aus anerer Perspektiv weisen, an se hunn och net gezéckt, eiser Direktioun e puer Froen ze stellen, déi hinnen um Häerz louchen.

Mir wënschen Iech vill Spaass beim Kucken!