LYCEE JOSY BARTHEL – JOSY BAR

Publié le 06/06/2016

Am Kader vun der LJBM Party ass nach dréngend eng „Hawaii BAR“ gebraucht ginn. D’Tessy Mersch aus dem service éducatif hat déi gutt Iddi. Mir hunn eis direkt un d’Aarbecht gemaach an d’Bar mat verschiddene Schüler aus de Klassen OOMC/PF an O1MC/PF gebaut. Aus der „Hawaii Bar“ ass dunn awer den Numm „Josy Bar“ entstan. (Zu Recht!)

Merci un den Tun Bisdorff, deen eis mat Rot an Dot ënnerstëtzt huet. Merci och un d’Léit, déi déi flott a kreativ Dekoratioun bäigesteiert hunn an d’Schëld ass souwisou den Tëppelchen um i!

Hei e puer Fotoen vun der Produktioun a vum Resultat.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes