Heidelberg mat den 7ièmes vum Sprooche+

De 7ièmes-Grupp vum Sprooche+ hat e flotten Dagesausfluch op Heidelberg! Moies si mir mat der “Molkenkurbahn” fir eng Visite vum Schlass erop gefuer an no der Mëttespaus war eng spannend Rallye duerch d’Stad. Mat vill neien a flotten Impressiounen si mir owes nom Chrëschtmaart rëm heem komm.