Frozen Ground Cartoon Workshop Day @ LJBM

Den 13. November sinn d’Schüler vun der 2e CG URBS/ COMMED, 3e CG URBS/COMMED souwéi Schüler aus dem Lycée Michel Lucius vu véier internationalen Wëssenschaftler mat op eng (inter)aktiv, informativ an virun allem lëschteg Rees an d’Polargebidder, an d’Thematik vum Klimawandel an dem Permafrascht-Schmëlzen, der wëssenschaftlecher Aarbecht an der Arktis an der Inuit-Kultur matgeholl ginn. Am Virfeld dovun hunn d’Schüler un der Iwwersetzung vum Frozen Ground Cartoon
(www.frozengroundcartoon.com) op Lëtzebuergesch matgeschafft. E grousse Merci un d’ganz Equipe vu Frozen Ground Cartoon an och Polar.lu fir déi flott Zesummenarbecht.