Foire vun der Bildung fir nohalteg Entweckelung 14.10.2019

Publié le 14/10/2019

Op der Foire hunn haut eis Schüler dräi Projeten fir d‘nohalteg Entwécklung an eisem Gebai virgestallt. D‘Schüler entwéckelen sech weider duerch d‘Erfahrung, déi si bei deene Projeten sammelen an droen dozou bäi, dass eis Schoul méi „gréng“ gëtt.

  • Student Exchange Programm Chennai 2018-2019 zum Thema Recycling/Upcycling. All Joer fënnt de Schüleraustausch mat Schüler aus Indien statt. D‘Schüler erliewen selwer, wéi et ass an Indien ze liewen.
  • Solarstatioun “Josy Charger”. Virun a puer Joer ass de „Josy Charger“ vu Schüler aus der Optioun „Save our Planet“ gebaut ginn. Dëst ass eng solarbedriwwen Powerbank, mat där d‘Schüler hir elektronesch Geräter opluede kënnen.
  • Trinkspender a Bottle. Am Makerspace gëtt momentan de Waasserspender gebaut. D‘Schüler kënnen sech eng gliese Fläsch bestellen. Dëst soll d‘Notzung vu Plastikfläschen reduzéieren.

Mee et sinn och vill nei Kontaker geknäppt ginn. Et wäerten also méi sou Projeten an de nächste Joer starten.

Mat dobäi waren: Claude Christnach (Direkter), Esther Herr (Konschtprof), Jacques Pir (Biosprof), Mike De Vos (Biosprof), Magdalena (4GIG), Behara (3CGCOM), Luca (3CGUR)

 

 Video (1)

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes