Echange scolaire ERASMUS+

Publié le 25/10/2019

Vum 20. bis de 25. Oktober 2019 hate fënnef Schüler aus dem LJBM d’Chance, um éischten Treffe vum neien ERASMUS + Projet ënnert dem Motto “FACE THE PAST, CHANGE OUR FUTURE – CASTING LIGHT ON THE SHADOWS OF OUR HISTORY” deelzehuelen. Zesumme mat Schüler aus Schweden, Däitschland, Spuenien an der Belsch hu si sech eng Woch laang mat den donkele Säite vun der belscher Geschicht auserneegesat. Sou krute si en déiwen Abléck an déi belsch Kolonialgeschicht am Kongo mat enger Visitt vum AFRICA MUSEUM zu Tervuren an dem Quartier Matongé zu Bréissel. An der Kazerne Dossin souwéi am KZ vun Breendonk konnte si sech e Bild iwwert d’Kollaboratioun vun de Belsch wärend dem 2. Weltkrich maachen. Begleet goufe si vun der Madame Fratini an vun der Madame Schroeder.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes