D’10PS1 op Visite am CHL

Publié le 11/06/2015

Den 12. Dezember 2014 war d’Klass 10PS1 op enger flotter Visite am Centre Hospitalier an der Stad. Mir krute vill Informatiounen zum Beruff vum Infirmier/Infirmière an hunn déi verschidde Beräicher an deenen ee schaffe kann, wéi z.B. de Bloc opératoire an de Laboratoire de coloscopie gesinn. Mir konnten eis iwwert d’Ausbildung vun de professions de santé a médicales  informéieren an kruten d’Vir- an d’Nodeeler vun deenen Beruffer un d’Häerz geluecht. Et war en interessanten Nomëtteg wou mer vill geléiert hunn an et war flott des Beruffer e bësse méi no a praktesch kennenzeléieren. E grousse Merci un den Här Manou Lentz an d’Equipe vum CHL an de Biologieprofessere Lydie Hoffmann a Jacques Pir déi eis begleet hunn (Daniel Schmit, 10PS1).

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes