COMENIUS – Mobilité individuelle des élèves

Publié le 25/04/2013

Am Kader vum Programm “Comenius – mobilité individuelle des élèves” vun der EU ware vum 15. September bis de 15. Dezember 2 Schüler aus dem LJBM een Trimester am Ausland. Den Daniel Dupont (11TG) war 3 Méint zu Eeklo an der Belsch an de Kevin de Lima (4M1) as een Trimester zu Pola de Siero a Spuenien an d’Schoul gaang. Glaichzäiteg waren 2 Schüler aus Spuenien 3 Méint zu Mamer op enger 4e ageschriwwen an hun déi 3 Méint bei Famillen aus dem LJBM gelieft.

Den 21. Januar huet am LJBM en Austausch stattfonnt, wou den Daniel an de Kevin vun den Erfahrunge beriicht hunn, déi si am Kader vun dësem Projet gemaach hunn. Duerno haten déi Schüler, déi drun intresséiert sinn, d’nächst Joer bei dësem Programm matzemaachen, d’Geleenheet fir hinne Froen ze stellen.

Wann dir intresséiert sidd, selwer bei dësem Projet matzemaachen, oder engem Schüler aus Spuenien d’nächst Joer sou en Austausch ze erméiglechen, andeems dir hien/ hatt wëllt fir 3 Méint bei iech doheem ophuelen, da mellt iech w.e.g. am Schülersekretariat vum LJBM.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes