BTS-Klassen besichen opwändege Chantier vun der CFL

Publié le 07/05/2019

Déi zwou BTS-Klassen BBI konnten de leschten Dënschdeg ee ganz interessanten Chantier zu Walfer besichen an erkläert kréien.
Aktuell gëtt zu Lëtzebuerg massiv an ëffentlechen Transport investéiert, ënnert anerem gëtt een Tram duerch d’Stad souwéi nei CFL-Garen gebaut a ganz generell gëtt de Reseau vum Zuch am ganzen Land moderniséiert an ausgebaut. An deem Kontext gëtt och déi aktuell Barrière vun der Strooss op de Stafelter duerch eng ganz opwändeg a komplizéiert Unterführung vun der Strooss plus Trottoir a Velospiste ënnert de Gleiser vun der CFL ersat.
Well et net méiglech ass, eng Deviatioun fir den Zuch ze bauen a well den Zuchverkéier am Prinzip während der Chantierszäit nët däerf ënnerbrach ginn, ass an dësem Fall eng ganz grouss Baugrouf direkt niewent de Gleiser ausgehuewen ginn a virun allem ass déi ganz Unterführung niewent der Plaz, wou se eigentlech gebraucht gëtt, gebaut a betonnéiert ginn. De ganzen Tunnel, dee ronn 3000 Tonnen weit, gëtt deemnächst an nëmmen zwee Deeg mat hydraulesche Pressen vun enger spezialiséierter hollännescher Firma op seng definitiv Plaz ënnert de Gleisen vun der CFL gedréckt. D’Studente kruten déi ganz Preparatiounsaarbechten, d’Logistik an den eigentlechen Prozess vum ‘rippage’ erkläert a konnten déi imposant Konstruktioun an den néidegen techneschen Apparat fir ee ganzen Tunnel ze beweegen op der Plaz gesinn an erkläert kréien.

Pit Kayser

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes