Bilan vun de Stagen vun den T1GC-Klassen

Publié le 25/04/2013

Den 10. Juli war den offiziellen Ofschloss vum Stage um Chantier vu 84 Schüler aus den T1GC-Klassen vun der Bautechnikerausbildung. Si woren an deene leschten 8 Wochen an enger Bauentreprise an hunn do vill praktesch Erfaarunge gesammelt an dës an engem Rapport dokumentéiert. Aus enger Enquête déi no dem Stage gemaach gouf geet ervir, datt 97 % vun de Schüler soen, si hätten ganz vill zu Baumaterialien a Bauverfaare bäigeléiert. Ganz positiv hu 95% vun de Schüler de respektvollen a kollegialen Ëmgang mat den Aarbechter um Chantier bewäert. D’Aarbecht am Team an d’Ambiance um Chantier hunn am beschte gefall, während d’Schaffen am Reen an dat fréit Opstoe moies (op ville Chantieren ass et um 7h00 ugaang) éischter manner gutt gefall hunn. Nieft dem Ofschloss vun Stage sinn och nach 10 Zertifikaten un déi Schüler verdeelt ginn, déi am beschten am Projet intégré intermédiaire 2013 ofgeschnidden hunn.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes