Ausfluch 7G2

Publié le 05/07/2019

De 5. Juli 2019 huet d’7G2 aus dem LJBM déi Gallo-Réimësch Villa vu Mageroy an der Belsch besicht.

Ugefaangen huet den Dag mat enger interessanter visite guidée vum Site. D’Benevolle vun der a.s.b.l ARC-HAB, déi de Site archeologesch erfuerscht hunn, hunn unhand  vu sëlleche Fondstécker an interessante Maquetten de Schüler d’Geschicht vun der villa rustica méi no bruecht.

Ier d’Schüler konnten ausgruewen, hu se sech no engem réimesche Rezept e gutt Mëttegiesse gekacht.

Op der Gruewung hat de Pedro direkt de richtegen Ausgriewerbléck an huet eng gutt erhale Réimesch Bronzemënz fonnt. Dës Mënz wäert zu der besserer Datéierung vum ausgegruewene Gebai bäidroen.

Déi wéinst der grousser Hëtzt néideg Pausen goufen duerch interessant Demonstratiounen iwwert Gladiatorekämpf a Bronzgéissen gefëllt.

Dës interessant Visitt ass op Invitatioun vun der Georges Kayser Altertumsfuerscher a.s.b.l. vu Nouspelt an Zesummenaarbecht mat ARC-HAB vu Mageroy zustane komm. Finanzéiert gouf se duerch den europäesche LEADER Programm. Méi Informatiounen zu dësen Organisatiounen fënnt een ënner www.gka.lu an https://www.villamageroy.com.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes