1eCC & 2eCC @ ScienteensLab Uni Belval

Publié le 13/12/2019

Den 13. Dezember 2019 waren d‘1èreCC an d‘2èmeCC aus dem Mamer Lycée am Scienteens Lab zu Esch-Belval fir d‘Recherche am Laboratoire besser kennen ze léieren. De Scienteens Lab gehéiert zum LCSB (Luxembourg Center for Systems Biomedecine) vun der Universitéit Lëtzebuerg an erlaabt et, Schüler Experimenter am Beräich vun der Molekularbiologie duerchzeféieren an hir eege Resultater ze interpretéieren. Dëst Joer huet d‘1ère e Workshop iwwert Charakteriséierung vum Enzym DId3 gemaach. Der 2ème hire Workshop huet sech mat konventionell a Bio-Tomate befaasst, déi géint e Virus „immuniséiert“ ginn (ELISA-Test) a wéi een d’ADN bei Bakterië mat Hëllef vu Restriktiounsenzymer an enger Elektrophorèse noweise kann. D’Klassen si begleet gi vun hire Biologiesprofessere Mike De Vos a Jacques Pir.

Link: https://www.facebook.com/ScienteensLab/

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes