Am Kader vun der Optioun “Wëssenschaft” hunn d’Schüler vun eiser 5G scientifique sech net nëmme mat de Basiselementer aus der Elektrik auserneegesat, mee och iwwert erneierbar Energien diskutéiert, ier se dunn e solargesteierten Auto (“Marsrover”) gebaut hunn. Dobäi konnten d’Schüler …
En Donneschdeg, de 7.3., ass den LJBM mam Victor, Ethan, Ihan, Mike, Raphaël, Mouyad an Ilyas am Basketchampionnat fir Minimmen am 5 géint 5 ugetrueden. 20 Ekippe waren am Asaz an der Hal vum LGL . An der Virronn huet …
Hei e puer Impressiounen aus dem praktesche Chimiescours. Eis Schüler maache ganz vill Versich selwer, wéi z. B. de pH-Wäert vu villen Alldagsproduiten ze bestëmmen. Sou kommen eis Schüler der Chimie méi no a kréien hoffentlech Spaass un de Sciencen. …
Dësen Dënschdegmëtten hunn d’Kanner aus dem Cycle 4.1 a 4.2 aus de Gemengen Mamer, Kielen, Habscht, Käerch a Stengefort am Kader vun den LJBM Science Days 2024 e flotten Nomëtteg am Lycée Josy Barthel verbruecht. Ënnert der Uleedung vun den …
Den 29.2. hu 4 Schüler aus dem LJBM mat Spaass an Erfolleg zu Réiden um Equippe-Championnat am Dëschtennis deelgeholl. An der Challenge League ass eist éischt Team mam Luca a mam Fabio no 4 Matcher déi 3. vun am Ganze …
Am Kader vun enger Matinée d’orientation zum Theema ”Architektur a Bau” kruten d’2e- a 1re-Schüler d’Beruffer vum Architekt, Ingenieur a Geometer virgestallt, dëst unhand vu Virtreeg iwwert ënnerschiddlech berufflech Parcoursen am private wéi am ëffentleche Secteur. Ergänzt goufen déi Virtreeg …
Den 8. a 9. Februar war d’Ausstellung “Roundabout AIDS” vun der HIV-Berodung vun der Croix-Rouge (@croixrougelu) am LJBM. 7 Schüler vun eiser 4GPS hate sech am Virfeld fir dës Missioun schlau gemaach a forméiert. D’Zil war et, aner Schüler mat …
De leschte Freideg ass eng interessant “Erasmus+”-Woch fir eis 14 Schüler an hier 18 Gäscht aus der Belsch, Däitschland a Polen op en Enn gaang. Als Ofschloss stoungen de leschten Dag direkt nach e puer Highlights um Programm. Déi ganz …
D’Schüler vun eiser neier Sektioun 3S am ESG hu sech am prakteschen Unterrecht mat der Enzymaktivitéit vun der Amylase beschäftegt. Mathëllef vu verschiddenen Tester hu si analyséiert, wéi d’Enzymaktivitéit vun der Temperatur ofhänkt. Heibäi hu si ënner anerem erausfonnt, wéi …
En Team vu 5 Schüler aus eise Klasse 4GPS, 4GIG a 7G-“Pësperraum” huet haut zesummen mat hire Coachen, dem Här Heymans an dem Här Franck, un der First Lego League deelgeholl. Eis Schüler hunn 295 Punkten am Robot Game kritt, …