LJBM

Like us on Facebook

ARCHIVES 2016-2017


LJBM HAWAII PARTY

Préparation de la LJBM Party

Och dëst Joër fent ërem eis flott Schülerparty am LJBM statt. D'Anne-Marie Kieffer, den Théid Betz (mat senge Klassen), den Tun Bisdorff an d'Tessy Mersch hunn sech dofir zesumme mat eisem Schülercomité ëm d'Dekoratioun bekëmmert." Villmools Merci all deene Leit déi gehollëf hunn an och all deene Leit e grousse Merci déi den Owend selwer waerten hëllefen.Tessy MERSCH - 07/2017



ALLES OP DE VËLO 2017

Hei e Link op d'Dropbox mat de Fotoen vun der flotter Editioun vum Velosdag Editioun 2017.


SCHACHTOURNOI

E Freiden, de 7. Juli, war den LJBM um Schachtournoi am Iechternacher Lycée mat véier Schüler vertrueden. Chris FELTEN - 07/2017


JOSY S(W)INGS
@ PORTES OUVERTES UM HÄREBIERG

Op hierem éischten Optrag ausserhalb vum LJBM huet eis Schoulband Josy S(w)ings den 9. Juli am Kader vun der Journée Portes Ouvertes vun der Caserne Grand-Duc Jean um Härebierg fir de musikaleschen Encadrement gesuergt. Si hunn eng super Performance ofgeliwwert an de Publikum war begeeschtert. Et ware mat: BOTTICELLI Caiana, BOTTICELLI Lara, DZINIC Aida, FAVARA Elise, FRANK Patrick, FREIRE Joana, GOMES Cati, OBERTIN Samuel, PEREIRA Dylan, SPINIELLO Mathilde, VENDELBO Laura a si ware begleet vun der Madame Becker, dem Här Di Stasi, dem Här Weyler an der Madame Giampaolo.Viviana GIAMPAOLO - 07/2017


ASSERMENTATION
DES NOUVEAUX ENSEIGNANTS

Ce mardi 11 juillet 2017 a eu lieu la cérémonie d'assermentation des nouveaux enseignants au Forum Campus Geesseknäppchen. 1re rangée: Claude CHRISTNACH (Directeur), Fabienne HOFFMANN (Anglais), Pedro GOMES COELHO (Génie civil), Nathalie CEGIELSKA (Architecture), Lynn MULLER (Allemand) et 2e rangée: Manuel MORN (Génie civil), Anne EVERARD (Histoire), Christian SCHARTZ (Allemand). Véronique MUSEUR - 07/2017


D'12GE1 ZU HAMBURG

D’Schüler vun der 12GE1 ware vum 3.7. – 6.7. op enger Studiërees zu Hamburg. Si waren a Begleedung vun hirer Engleschproff, der Madame Diane Neises, an hirem Physiksproff, dem Här Marco Majerus.Si hunn eng Stad erlieft, déi sech op den G20-Gipfel preparéiert huet a waren impressionnéiert, wéi eng Envergure esou en Evenement op eng Stad a seng Awunner kann hunn.Si haten eng gutt Zäit mat flotten Aktivitéiten wéi engem Besuch am „Dungeon’’, dem „Miniaturwunderland’’, dem „Planetarium’’ souwéi engem russeschen U-Boot, dat als Musée ëmfunktionéiert ginn ass. Um Programm stoung och nach eng Stadtrundfahrt an eng Hafenrundfahrt. Nach e spezielle Merci un den Fränk Prim fir déi excellent Organisatioun vun dëser Rees! Marco MAJERUS - 07/2017


D'9STP3 REALISÉIERT
EEN EENZEGAARTEGT KONSCHTWIERK

De Projet "The SUN"  (ee Bild aus eenzelnen Holzlamellen) ass vun den Schüler aus der 9STP3 realiséiert ginn. Mat vill Aarbecht a Gedold hunn d‘Schüler all eenzelt Stéck geschnidden, ugepasst an d‘Faarwekombinatioun selwer bestëmmt. Op der Porte Ouverte vum Lycée hu si och um Projet geschafft an et dem interesséierte Public virgestallt a si gutt viru komm. Um Enn, no 38 Stonne schaffen, hu si een “Unikat” realiséiert, dat een néierens ze kafen kritt. D‘Bild gëtt natierlech opgehaang a kritt eng adäquat Plaz am LJBM. BRAVO 9STP3!!! Théid BETZ - 07/2017


VISITE DU PARLEMENT EUROPEEN

Ce jeudi 6 juillet, les élèves de la classe de 11TG ont visité le Parlement Européen à Strasbourg. Ils étaient accompagnés de leur régente, Madame AGOSTA. 07/2017


EE KLENGE GESTE,
ENG GROUSS WIERKUNG!

„Ee klenge Geste, eng grouss Wierkung“ war den Titel vun der Konferenz, op déi d’Schülerinnen an d’Schüler vun der 10PS1 de 15. Juni agelueden haten. Ënnert hirer Moderatioun hunn Experten iwwer déi wichteg Themen Bluttspend, Organspend, Knachemuergspend, Häerzstëllstand an Hireschlag referéiert. Et waren dat de Prof. Dr. Claude Braun (Luxtransplant), den Här Yannick Lieners (Plooschter-Projet), den Dr. Pascal Stammet (CHL, LRC) an d’Madame Chantal Keller (Blëtz asbl). Um Uschloss un d‘Virträg hat ee bei engem Patt nach d’Méiglechkeet, sech bei den Experten, de Schüler/innen a bei de Stänn vun den eenzelen Organisatiounen weider Informatiounen ze besuergen. Dee ganz interessanten Owend gouf vun der Biologieprofessorin Lydie Hoffmann an hirer Klass am Kader vum projet d’étalissement „Josy Helps“ organiséiert. Bob LEURS - 06/2017 - Flyer - LW du 30/06/2017 - LW du 04/07/2017



VISITE VU STROSBUERG

D’Schüler vun der 11PS an hir Proffen Anouk Meyer a Claude Lorang haten d’Geleeënheet Strosbuerg ze besichen.

Bei wonnerbarem Wieder si mir fir d’éischt de Quartier européen mam « Parlement européen », dem « Palais des droits de l’homme » an dem « Conseil de l’Europe» besiche gaangen. Duerch de schéine Park, der « Orangerie », si mir eis dunn d’ « Université de Strasbourg » ukucke gaangen. Duerno, no enger Visite vum Zentrum vun der Stad a vun der Kathedral, hu mir eis déi schéi Stad nach eng Kéier vum Waasser aus ugekuckt, andeems mir mat engem Boot iwwert de Floss Ill ronderëm de Stadkär gefuer sinn. Natierlech huet e klengen Tour duerch d’ «Petite France », den historesche Quartier vu Strosbuerg mat senge mëttelalterleche Fachwierkhaiser, nët däerfe feelen. Mir wäerten alleguer schéin Erënnerungen un deen Dag behalen. CLaude LORANG & Anouk MEYER - 06/2017


WENZELSWEE

Hei e puer flott Fotoe vum WENZELSWEE, deen d’Klassen 7ES1, 7ES2 an 6CM2 den 12. Juni 2017 mat hire Proffen gaang sinn. Barbara FABER, Ursula SCHEIDEN, Françoise CHRISTNACH & Bob LEURS - 06/2017


VISITE VUN DER CHAMBER

Den 16. Juni haten d’10TG1 an d‘C2MC d’Geleegenheet, fir d'Chambre des Députés, ënnert der Féierung vunn den Députéierten Joëlle Elvinger an Max Hahn, op eng interaktiv Art a Weis méi no kennen ze léieren. Claude KREMER - 06/2017


VISITE VUN DER CHAMBER

Den 29. Mee huet d‘T2GC2 eng Visite vun der Chambre des Députés, ënnert der Féierung vun den Députéierten Joëlle Elvinger an Max Hahn, gemaach. Dobäi haten d’Schüler(innen) och d'Geleegenheet, fir dem Chamberspräsident Mars di Bartolomeo perséinlech Froën ze stellen. Claude KREMER - 06/2017


1. PRÄIS AM CONCOURS DE THÉÂTRE
AN DE ROTONDES

Den 13. Juni war an de Rotondes d’Finale vum Concours de théâtre scènes à 2/3, bei deem dräi Gruppen aus dem Mamer Lycée matgemaach hunn. Am Ganzen goufen zwielef Stécker vu Schüler aus véier verschiddene  Lycéeën gespillt. Eis Schüler konnten souwuel de Jury wéi och d‘Publikum iwwerzeegen a kruten zwee Mol den 1. Präis:

De « prix des participants » war fir d’Stéck «Le rien, le pire et le meilleur» mam Federico Colavitti (6CM1), Joana Lopes a Roberto Vieira (T1GC2).

De « prix du jury » goung un de Louis Weber vun der 4CM1, ex aequo mat Schülerinnen aus dem Lycée Robert Schumann.

Félicitatiounen un eis Acteuren! Françoise CHRISTNACH - 06/2017



MISSION NICHTRAUCHEN

La fête de clôture du 13 juin a été un grand succès avec près de 1 500 participants présents dans la bonne humeur. Lors de la fête, les trois classes gagnantes ont été tirées au sort. Il s’agit de :

  • 1er prix : S3FIA de l‘Ecole Européenne Luxembourg 1 (enseignant : Teemu Hinkula) ;
  • 2e prix : 7STP4 du Lycée Josy Barthel Mamer (enseignante : Stephanie Halsdorf) ;
  • 3e prix : 6ME6 du Lycée Hubert Clément Esch/Alzette (enseignant : François Faber).

Le Lycée Josy Barthel a été représenté par plus de 350 élèves qui ont participé activement au rallye organisé par la fondation cancer. Véronique MUSEUR - 06/2017 - L'Essentiel du 13/06/2017


MARRAKESH 2017

Les élèves du Workshop Marrakesh sont partis au Maroc du 1er au 8 juin 2017. Ils étaient accompagnés de Monsieur HERRMANN, et Mesdames HERR et RADMAN. Ils ont réalisé une VIDEO de leur voyage. Des photos et impressions sont également publiées sur leur BLOG. Roland HERRMANN - 06/2017


VISITE GUIDÉE
VUM « GRAND THÉÂTRE DE LUXEMBOURG »

De Freiden, 26. Mee, haten d’Schüler vum Theatergrupp vum Mamer Lycée d’Geleeënheet, eng visite guidée vum Groussen Theater ze maachen. Et war ganz interessant an d’Schüler waren impressionnéiert vun där grousser Bühn. Françoise CHRISTNACH - 05/2017 - Article LW du 13/06/2017


VISITE GUIDÉE VUN DER CHAMBER

Den 12. Mee war d'4CM2 d'Chamber am Kader vun hirem Geschichtscours besichtegen. D'Deputéiert Joëlle Elvinger a Max Hahn hunn de Schüler anhand vun engem ganz interessante Rollespill Fonctioun, Zesummesetzung a Befugnisser vun eisem Parlament méi no bruecht. Jessica WILMES - 05/2017 - LW du 09/05/2017


WORKSHOP
OP DER JOURNEE DE L’EUROPE

En Dënschden den 9. Mee sinn am Kader vun der "Journée de l’Europe" de Steven Milbert an Noah Canais vun der 2eC souwéi de Jimmy Gomes vun der 4eM2 op e Workshop an d’Maison Schuman gaangen. Zesumme mat Schüler aus dem Lycée Robert Schuman an dem Athenée hu si Projeten zu de Sujete “D’Europäesch Unioun a 60 Joer” a “ Wéi ee Lëtzebuerg ouni europäesch Unioun” ausgeschafft. D'Plakater an d’Virschléi goufe spéiderhi bei der Commemoratioun exposéiert. Zu Gaascht war ënner anerem d’Madame Astrid Lulling, déi de Jonke fir hiert Engagement Merci sot, an u si appelléiert huet, sech fir d‘Weiderbestoe vun der EU anzesetzen. Yves MEYER - 05/2017 - LW du 30/06/2017



D'4CM2 HËLT UM "SCHÜLERWETTBEWERB ZUR POLITISCHEN BILDUNG" DEEL AN ËNNERSTËTZT DOMADDER WWF

D'Schüler vun der 4CM2 hunn am Kader vum "Schülerwettbewerb zur politischen Bildung" (BpB) eng Zeitungssäit zum Thema "Dresscode an Schulen" opgesat. Op dëser Zeitungssäit hu si net nëmmen d'Legislatioun hei zu Lëtzebuerg méi genau ënnert d'Lupp geholl, mee och bei eis am Lycée eng Ëmfro zum Thema Kleederuerdnung duerchgefouert. Si hu sech Gedanken doriwwer gemaach, a wéi wäit Schouluniform, Hotpants, Jogging oder och Kappduch eng legitim Plaz an der Schoul a Bezuch op Anstand, Sécherheet a Respekt vun de Mënscherechter hunn. D'Schüler hunn déi 160 Euro, déi si beim Verkaf vun hirer Zeitungssäit an der Schoul zesumme kruten, integral un de Projet "Retten Sie den Amazonas" vu World Wildlife Fund“ gespent. Doniewent hu si eng Petitioun vu WWF zum Schutz vun den Tigeren ënnerschriwwen. De 5. Mee kruten si en Diplom vum lëtzebuergeschen "Zentrum fir politesch Bildung" fir hier Bedeelegung um Concours iwwerreecht. Jessica WILMES- 05/2017 - Link Amazonas - Link Tigeren


VISITE DE LA 9STP3 ET 9STP4 A VERDUN

"Après notre arrivé à Verdun, nous avons rencontré le guide qui nous a ensuite montré les monuments comme: l’ossuaire de Douaumont, le mémorial, un village détruit s' appelant Fleury-devant-Douaumont puis le fort de Douaumont. Cette excursion nous a fait comprendre beaucoup à propos de la 1ère guerre mondiale. Nous remercions nos professeurs d’avoir rendu possible cette excursion vers Verdun." par Elise & Caiana (9STP3) - 05/2017


WORKSHOP "HANDICAP INTERNATIONAL"

E Méinden den 8. Mee haten d'Schüler vu fënnef Klassen aus dem LJBM d'Méiglechkeet un engem Workshop vun HANDICAP INTERNATIONAL deelzehuelen. De Philippe Houliat an de Roland Birchen, zwee Demineuren hunn de Jonken hir Arbescht um Terrain an de Krisegebidder vun der Welt virgestallt. Déi Jonk konnten sech sou en Bild maachen iwwert hire Kampf géint d'Minnen an d'Bommen an dem Leed, deen Zivilbevëlkerungen an de Krichsgebidder Dagdeeglech erliewe mussen. Sandra FRATINI - 05/2017



LJBM-SCHÜLER ENTDECKEN
KOPENHAGEN & MALMÖ
"YES IS MORE"

Am Kader vun enger ganz flotter Klasserees kruten ons Schüler vun der T3GC3, vum 31. Mäerz bis zum 4. Abrëll 2017, Geleeënheet fir Kopenhagen an d’Emgéigend kennenzeléieren. D’Schüler waren an der Begleedung vum Romy Karier, Christian Cornette an André Wildschutz. Mir sinn all ganz beandrockt vun der héijer Liewensqualitéit, déi Kopenhagen ubidd. D’Haaptstad vun Dänemark ass och d’Haaptstad vum Vëlo. Dänen sinn ons doranner ee ganz grousse Schratt viraus. Am Zentrum vu Kopenhagen ass de Mënsch am Mëttelpunkt an net den Auto. Suite de l'article - André WILDSCHUTZ - 05/2017



D'10PS OP BESUCH
AN DER LIGUE HMC ZU CAPELLEN

D'10PS1 aus dem Mamer Lycée war de 26. Abrëll 2017 op Besuch an der Ligue HMC zu Capellen. Déi Visite huet stattfont am Kader vun der Biologie sociale a vum EDUCI-Cours, wou et ënner anerem ëm den Ëmgang mat deene verschiddene Gruppe vu Mënschen aus der Gesellschaft an hir Integratioun geet. Déi Visite hat och d’Zil, hinnen eng méiglech Optioun fir d’beruflech Zukunft vun der PS-Sektioun ze weisen. Yolande REITER - 05/2017 - link



T2GC3 OP DEN DRÄI EECHELEN

D’T2GC3 war den 30. Mäerz ’17 an de Musée Dräi Eechelen d’Ausstellung iwwert de « Pont Adolphe »  kucken, an Nomëttes hat se Rendez-Vous um Geriicht. D’Fréijor hat sech vun senger beschter Säit gewisen, sou datt mer vun den Dräi Eechele konnten ze Fouss erof an de Pafendall an dunn erop an d’Stad  goen, wou mer dervu profitéiert hunn, verschidde Monumenter wéi den Huelen Zant an d’Grande-Duchesse Charlotte, a politesch Institutiounen wéi de Staatsrot, d’Chamber, dat aalt Geriicht, d’Regierungsquartier  a villes méi ze entdecken an ze lokaliséieren. Yolande REITER - 05/2017



LJBM-SCHÜLER ENTDECKEN BETONS FEIDT

Ons Bautechniker-Schüler vun der T3GC3 kruten den 22. Mäerz 2017 Geleeënheet fir d’Wierk vun Bétons FEIDT am Hafen vun Mäertert kennenzeléieren. D’Visite vum Site huet bei voll lafender Produktioun vun Betonsfärdegelementer (Plattendecken an Duebelwänn) stattfond. D’Schüler konnten sech esou ee präziist Bild maachen vun de Virdeeler vun de prefabrizéierten Betonselementer: Kuerz Bauzäiten, héijen Qualitéitsniveau a Präzisioun am Detail sowéi villfälteg Uwendungen, déi flexibel op individuell Wënsch ugepasst kënnen ginn. D’Schüler vun der T3GC3-Klass waren an der Begleedung vum André Wildschutz. Mir soen dem Här Daniel Nathem, responsable d’usine, an dem Här Jérôme Vantusso vu Bétons FEIDT Mertert ee grousse Merci fir déi informativ an agreabel Visite. André WILDSCHUTZ - 05/2017


SCIENCE FOR KIDS

SCIENCE FOR KIDS, eise Wëssenschaftsnomëtteg fir Kanner aus dem Cycle 4 aus de Gemenge ronderëm eise Lycée, huet dëst Joer en enorme Succès.  De 6. Abrëll konnte mir fir déi 3. Séance nees ronn 50 Kanner begréissen, fir mat hinnen eng Rei flott Experimenter an der Physik, Chimie a Biologie ze maachen. Et bleiwen nach e puer Plazen fir déi 4. Séance, déi samschdes, den 13. Mee am Kader vun de Portes Ouvertes organiséiert gëtt. Umelde kann ee sech dofir op der Internetsäit vum Projet, sou laang nach Plaze fräi sinn. Dir fannt do och weider Informatiounen:  science.ljbm.lu / Facebooksäit - Alain DONDELINGER - 04/2017


PREPARATIOUNSEXPEDITIOUN VUM MÉRITE JEUNESSE

Vum 20. bis den 22. Abrëll war eng Grupp vu Mérite-Jeunesse-Participanten op hirer Preparatiounsexpeditioun ënnerwee. Si sinn zu Ettelbréck gestart an hunn hire Wee den éischten Dag op Dikrech gesicht. Vun do aus ass et den zweeten Dag op Veianen an den drëtten Dag iwwert en neie Wee erëm zeréck op Dikrech gaangen. Trotz zimlech kaler Nuechten am Zelt an där enger oder anerer Bloder hate si vill Spaass an hunn dräi flott Deeg zesummen verbruecht. Pol HERMES - 04/2017


SOIREE MAROCAINE

Le jeudi 6 avril a lieu la soirée marocaine dans le cadre du Projet d'Etablissement "Josy Helps!" et au bénéfice de l'Association "Luxembourg Alzheimer". Elle a été couronnée de succès grace au travail des professeurs, du personnel et des élèves du lycée sous la houlette de Roland Herrmann. Véronique MUSEUR - 04/2017


JOURNEE DE LA SOLIDARITE

Le mardi 4 avril, les élèves du lycée ont eu la possibilité de réfléchir sur la SOLIDARITE, maître mot du Projet d'Etablissement "Josy Helps!", lors de conférences, ateliers et un "Charity Run" très engagé. Véronique MUSEUR - 04/2017


Video RTL (dernière minute) - Facebook LJBM SPORTS - Photos


EXPEDITIOUN VUM MERITE JEUNESSE

Den 1. an den 2. Abrëll ware véier Schüler op hirer Preparatiounsexpeditioun fir de Mérite Jeunesse. Si si mam Vëlo vu Woltz op de Misärshaff gefuer, wou si gezelt hunn. Den Dag drop ass et dann weider op Stengefort gaang. Si hunn op dëser Expeditioun geléiert, dass et net ëmmer sou einfach ass, mat Rucksak Vëlo ze fueren, an e super Equippegeescht bewisen. Pol HERMES - 04/2017



CHERCHEURS A l'ECOLE

Dans le cadre de la campagne « Chercheurs à l’école » lancée par le FNR (Fonds National de la Recherche), Madame Gloria Aguayo, épidémiologiste au Luxembourg Institute of Health, et Madame Maren Krüger, coordinatrice du Scienteens Lab au Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, sont venues présenter leur quotidien de chercheur aux élèves de la 1C et de la 13GE. Les élèves ont eu la possibilité de poser des questions sur les différentes facettes du métier de chercheur ainsi que sur la recherche qui se fait au Luxembourg. Jean-Marc PORCO - 04/2017


Theaterstéck „CHAMP DE MINES“

Am Kader vum „JOSY HELPS!“ haten e Freiden, de 17. Februar, dräi Klassen aus dem LJBM d’Méiglechkeet, sech bei ons am Haus d’Theaterstéck „CHAMP DE MINES“ unzekucken. Et handelt sech hei ëm e Stéck, dat um Text vum Pamela Dürr baséiert an dat inzenéiert gouf, fir a Klassesäll opgefouert ze ginn. D'Geschicht handelt vun enger Frëndschaft tëscht enger Serbin an enger Bosnierin, déi an Zäite vum Bosnien-Krich eeschthaft op d'Prouf gestallt gëtt. Kann een dono weidermaachen wéi wann ni eppes gewiescht wär? Et huet sech ëm en interessant, op historesche Fakten baséiert Gedankenexperiment gehandelt, dat d'Schüler zum Nodenke bruecht huet. A recommander! Sandra FRATINI - 02/2017 - Fotoen: KULTURFABRIK



S’ENGAGER AUX COTES
DE LA CARITAS ET DE LA CROIX ROUGE

Le nouveau Centre national de Collecte et de Tri pour les dons vestimentaires, situé à la Cloche d’Or, est le fruit d’une mise en commun des activités existantes de Caritas Luxembourg et de la Croix-Rouge luxembourgeoise. Dans le cadre de leur leçon hebdomadaire de tutorat, la 8STP1 a voulu s’engager et a organisé une collecte de vêtements pour venir en aide à ceux qui en ont le plus besoin. La visite a été suivie d’une présentation de la part de Fabien Schmit, un responsable de la Caritas  qui a su trouver les mots adéquats pour clarifier la question de la précarité au Luxembourg. Andrea FIORUCCI - 02/2017



CONFERENCE DE CLAUDE TURMES

Am Kader vum Projet "Mir sinn derbäi" huet sech den Europadeputéierte Claude Turmes e Méinden, den 13.2.2017 am Mamer Lycée an zwou Seancen  de Froen vun T3-Schüler aus dem Baufach gestallt. Dobäi huet d'Thema Nohaltegkeet am Bau eng wichteg Plaz ageholl. Awer och iwwert de Fonctionnement vun der EU, den Alldag vun Europadeputéierten an d'Credibilitéit vu Politiker gouf diskutéiert. Expérience à renouveler! Guido LESSING - 02/2017



PROGRAMME D'ECHANGE SCHUMAN

Le programme interrégional SCHUMAN s’adresse aux élèves qui seront en classe de 6e, 5e, 8e ou 9e pendant l’année scolaire 2017-2018 et qui désirent participer à un échange scolaire individuel. Cet échange devrait permettre à des jeunes de 14-15 ans de faire l’expérience d’un séjour de deux semaines dans une famille d’accueil au-delà des frontières, dans la Grande Région (Lorraine, Wallonie, Saarland, Rheinland-Pfalz) et d’accueillir également un ou une élève partenaire dans leur propre famille pendant deux semaines. Les échanges scolaires se feront au premier trimestre de l’année scolaire 2017-2018

  1. les élèves partenaires séjourneront au Luxembourg du 23 septembre au 7 octobre 2017
  2. les élèves luxembourgeois se rendront à l’étranger chez leurs partenaires du 11 au 25 novembre 2017.

Les élèves intéressés à poser leur candidature pour participer à ce programme d’échange peuvent télécharger le formulaire de candidature (word / pdf). Le formulaire complet est à remettre en quatre exemplaires au secrétariat-élèves du LJBM pour le vendredi 10 février 2017 au plus tard. Patrick SCHMITZ - 02/2017


HIKE FIR DE MERITE JEUNESSE

Den LJBM organiséiert an Zesummenaarbecht mat der FNEL, dem AL, dem LGL an dem LML en Hike vun zwee resp. dräi Deeg fir de Mérite Jeunesse. Du hues Loscht op en Abenteuer, fei Leit a vill Spaass? Dann zéck net a komm dech bei eis an der Permanence oder per mail iwwer de Mérite Jeunesse informéieren!

Le LJBM organise un Hike de deux ou trois jours pour le Mérite Jeunesse en coopération avec la FNEL, l'AL, le LGL et le LML. Tu veux vivre une aventure, rencontrer de nouvelles personnes et t'amuser? Alors n'hésite pas à nous contacter lors de notre permanence ou par mail. Pol HERMES - 02/2017



JOSY HELPS ! - THEATERSTÉCK “KRIEG - STELL DIR VOR ER WÄRE HIER”

Am Kader vun JOSY HELPS! haten zéng vun de Klassen aus dem LJBM e Freiden, den 27. Januar, d’Geleeëenheet, sech d’Theaterstéck “KRIEG - STELL DIR VOR ER WÄRE HIER” bei ons am Festsall unzekucken. D’Stéck baséiert um Buch vun der dänescher Autorin Janne Teller a gouf vum Jean Noesen (TNL) fir d’Bühn adaptéiert. Et handelt sech ëm en interessant Gedankenexperiment, wou d’Iddi duergestallt gëtt, wat da wär, wa Krich bei ons géing ausbriechen a mir Richtung Ägypten flüchten missten. D’Schüler haten esou d’Méiglechkeet, sech mat Begrëffer wei Heemecht, Krich, Flucht an Identitéit auserneen ze setzen. Sandra FRATINI - 01/2017 - Fotoen: André KARST


SCHECKIWWERREECHUNG

Am Kader vun den Activités parascolaires huet de Workshop Marrakesh sech stark gemaach, eppes fir de gudden Zweck ze maachen. Duerch ënnerschiddlech Aktivitéiten ewéi Kachcoursen, orientalesch Danzcoursen, Liesungen zum Thema Initiation à la culture marocaine, de Verkaf vun orientalesche Kichelcher an der Soirée marocaine spenden si der Association Luxembourg Alzheimer 2.000 €. Ee grousse Merci geet un all déi, déi gehollef hunn, dëst méiglech ze maachen. Roland HERRMANN - 01/2017

article LW du 28/02/2017


RELAIS POUR LA VIE 2017

De Josy leeft... Loosst eis gemeinsam fir de gudden Zweck lafe goen. Vun Samschdes Owes den 1. Abrëll bis Sonndes Owes den 2. Abrëll an der Coque. Umelle kënnt dir iech duerch d'Aschreiwen op de Lëschten virun der Proffenkonferenz. Fir dat mir als Team ze erkenne sinn, këmmere mir eis em äre gratis T-Shirt. Droit d’inscription vun 10€. Dës ginn integral un d'Fondation Cancer. Roland HERRMANN - 01/2017



LJBM meets IFSB & NEOBUILD

Ons T3GC4-Schüler kruten den 16. Januar 2017 Geleeënheet, fir sech um IFSB aktiv un Workshopen ronderëm d’Thema vum Passivhaus ze bedeelegen an dat neit Gebai vun NEOBUILD zu Beetebuerg z’entdecken. D’Missioun vun Neobuild steet ganz am Zeechen vun der gemeinsamer Entwécklung fir d’Valorisatioun vun engem nohaltegen zukunftsorientéierte Bauen. Dat neit Energieplus-Gebai ënnersträicht dës Entwécklung mat flotten innovativen Konzepter a Materialien voll a ganz. Iwwert eng Trap aus Komposit-Materialien kënnt een iwwert eng gréng Daachterrass mat Solarzellen an eng Serre, um Topfloor, fir den Urban farmer. D’Schüler vun der T3GC4-Klass waren a Begleedung vum Claude Reiter an André Wildschutz. André WILDSCHUTZ - 01/2017

« Aktiv Workshopen am Passivhaus »

« Fit 4 Green Future »


S'ENGAGER AVEC DES MOTS

Le Centre pour l’UNESCO Louis François, propose aux enfants et jeunes de tous les horizons, des activités de découvertes culturelles et artistiques, en France et à l’étranger. Cette année, le Centre a lancé le concours international de poésie en langue française « Des mots pour notre terre », destiné aux enfants et jeunes de 9 à 25 ans et notre 8STP1 a participé au concours en écrivant en petits groupes durant le cours de français 4 poèmes. Qui sait s’ils figureront parmi les gagnants ? Nous leur souhaitons bonne chance! Andrea FIORUCCI - 01/2017


VISITE DE CHANTIER CLE

Les classes de BTS 2e année "bâtiments et infrastructures" ainsi que "conducteur de travaux" ont pu visiter le chantier «CLE» pendant la nuit du samedi 14 janvier 2017, afin d'assister à la mise en place du premier tronçon d'un pont de 185m qui passe au-dessus de la gare de triage des chemins de fer à Bettembourg. Tun LLOYD- 01/2017


LJBM CHALLENGE

Félicitations à Tamara Biewers, grande gagnante de notre concours LJBM Challenge: un Ipad Air flambant neuf a ainsi trouvé son propriétaire! Madame Astric Kontz-Krause a gagné un repas pour 2 personnes au dîner de Nouvel-An et la corbeille de chocolat a été remportée par Madame Sophie Dreisbach. lien Facebook. Enzo CIRILLI - 01/2017


EUROSKILLS
championnat d'Europe des métiers

En décembre prochain, lors du championnat d'Europe des jeunes professionnels, André Rodriguès, élève de 02CR et apprenti carreleur, représentera le Luxembourg et le LJBM en Suède. Bonne chance!

Article dans le LW du 29 octobre 2016

Article dans l'Essentiel du 21 octobre 2016


LE PROJET SCHILW FÊTE SES 10 ANS

Le 27 octobre 2016, une cérémonie en présence du ministre Claude Meisch, des directeurs des lycées et de nombreux autres responsables de l’éducation nationale a été organisée sur le site de l’Ifen à l’occasion des 10 ans du projet SCHILW (schulintere Lehrerweiterbildung). Notre lycée fait partie des lycées pionniers qui mettent en œuvre ce projet depuis 2006. Madame Nadine Brix et madame Monique Linster sont déléguées SCHILW du LJBM depuis 2008. A côté des représentants de l’AL et du LNB, elles ont présenté, lors de la cérémonie de 10 ans, le projet SCHILW tel qu’il est mis en pratique dans notre lycée. Monique Linster- 10/2016


CONFERENCE du Prof. Dr. MEYER

Lors de la séance académique à l’occasion du 40e anniversaire de l’ABIOL (Association des Biologistes Luxembourgeois) dans la Maison du Savoir à Esch-Belval, les élèves de la classe de première C ont eu l’honneur d’assister à une conférence du Prof. Dr. Axel MEYER, éminent chercheur dans le domaine de la biologie de l’évolution. Claude CHRISTNACH - 10/2016


ARCHIVES 2016-2017


MÉRITE JEUNESSE - MAACH MAT!!!

Du méchs Sport, hues e bestëmmten Talent oder Hobby, erliefs gären Abenteuer an engagéiers dech gär fir déi, déi Hëllef brauchen? Dann mell dech bei eis fir de Programm Mérite Jeunesse.

Eis PERMANENCEN hunn geännert:
Méindes, vun 12h40-13h30
Donneschdes, vun 11h50-12h40

Vun no der Ouschtervakanz un, hunn mir eisen Informatiounsstand an der Bibliothéik (un engem Dësch direkt lénks, wann der erakommt).

Maacht mat !!! Aert Engagement wäert unerkannt ginn.


GRAND MERCI CHERS PARENTS!

Grâce à vos cotisations récoltées en 2015/2016, le « Elterecomité vum Mamer Lycée » a soutenu le Spos et a participé aux projets du Lycée (remise de prix, Talentowend, voyage éducatif à Munich et soirée Marocaine).


SAILING SCHOOLS 2017

Suite au grand succès de cette année, l’édition 2017 de cet événement nautique destiné aux lycées luxembourgeois est lancée. Elle se nomme désormais Regatta.lu - Sailing School
INFORMATIONS - FLYER


ELEVES MERITANTS

De 27. Juni kruten déi Schüler, déi sech duerch besonnech Leeschtungen ervir gedoen hunn, en Diplom an ee Präis iwwerreecht. Bob LEURS - 06/2017


VISITE DE LA T2GC1 A VIENNE

La classe T2GC1 a effectué un voyage scolaire à Vienne du 30 mai au 2 juin 2017 avec les professeurs - Alexandra Maerz, Charel Feyereisen et leur régent Chrëscht Cornette. Des anciens élèves du LJBM qui pour le moment sont étudiants à l'université technique de Vienne - TU Wien - nous ont fait une superbe visite des différents départements. En plus on a eu une visite par des étudiants de la superbe Wirtschaftsuniversität construit par des grands noms de l'architecture comme Zaha Hadid. Christian CORNETTE - 06/2017


"LETTERS FROM LUXEMBOURG"

Den 28. Juni waren d'Schüler vun der 2C d'Theaterstéck "Letters from Luxembourg" an de Carré op Hollerech kucken. D'Stéck stoung ënnert der Regie vum Sylvia Camarda a vum Serge Tonnar an et huet sech mam Thema Flüchtlingsintegratioun zu Lëtzebuerg beschäftegt. Op Basis vu reéllen an imaginaire Bréiwer, déi Flüchtlingen hiren Famillen, Partner a Kanner geschriwwen hunn, hunn Acteuren an Amateurschauspiller (ë. a. Flüchtlingen) e sensationellt Spektakel vu Gesang, Schauspill an Danz ofgeliwwert. D'Schüler ware begleet vun hirer Engleschproff, der Madame Giampaolo Viviana. Viviana GIAMPAOLO - 06/2017 - article LW du 07/07/2017


PRIX LIONS JEUNES 2017
décerné à Federico COLAVITTI,
élève de 6CM1

Samedi, 17 juin 2017, le LIONS CLUB INTERNATIONAL District 113 a fêté son 50e anniversaire et le 100e anniversaire de LIONS INTERNATIONAL. Lors de la séance académique qui a été honorée par la présence de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean de Luxembourg et à laquelle étaient invitées 400 personnes, les responsables ont décerné la 1ère édition du PRIX LIONS JEUNES à Federico Colavitti, élève de la 6CM1, pour son projet de football au profit de téléthon. Federico, qui a eu l’idée de son projet déjà à l’âge de 10 ans, a pu collectionner 20.000 Euro par 4 “Marathons de football” qu’il a organisés avec l’aide de son ami Chris et de ses parents et le soutien du LIONS CLUB INTERNATIONAL LUXEMBOURG. Les 9 et 10 décembre 2017 aura lieu la 5e édition. Nadine BECKER - 06/2017


LIES-CONCOURS 2016/2017

Gléckwonsch un d’Gewënner vum CDI-Lies-Concours! D’Gewënner ginn och per Bréif benoriichtegt. D’Präisiwwerreechung ass de 27. Juni, ëm 14h30, am Festsall. Bob LEURS - 06/2017


"LES JUSTES" AM KINNÉKSBOND

Am Joer 1905 hat e Grupp vu sozialrevolutionären Terroristen een Uschlag op de Groussfürst Sergei geplangt. Dem Albert Camus säin Theaterstéck "Les Justes" aus dem Joer 1949 berout op dëse geschichtlechen Evenementer a weist de Kampf aus der Siicht vun de Revolutionären. D’LJBM-Schüler aus de Klassen vun 2e, 1ère , 12e an 13e GE hunn am Kinnéksbond eng spannend Opféierung vun engem Theaterstéck erlieft, dat an de leschte Joerzéngten näischt vu senger Bedeitung an Aktualitéit verluer huet. Bob LEURS - 05/2017


INITIATIV FREED UM LIESEN

Den 23. Abrëll ass d‘Journée mondiale du livre et du droit d’auteur. Zu där Geleegenheet huet den LJBM d’Madame Sonia Thewes an hir Kolleginnen a Kollegen vun der „Initiativ Freed um Liesen” agelueden. D’Schüler kruten am Festsall een interessante Virtrag iwwer d’Urheberrecht gebueden, bei deem ë. a. folgend Froen beäntwert goufen: Weem gehéiert meng Foto op Facebook? Wéini däerf ech een Text einfach kopéieren, ouni d’Quell unzeginn? Nom Virtrag huet déi jonk Lëtzebuerger Schrëftstellerin Isabel Spigarelli aus engem vun hire Wierker virgelies. Bob LEURS - 05/2017


7ES1/7ES2 KLASSEREES
OP GIESSEN A FRANKFURT

De 27. an 28. Abrëll waren d'7ES1 an d'7ES2 zu Giessen am Mathematikum an dono zu Frankfurt, wou ënner anerem en Tour duerch den Zoo an eng Visite vum "Dialog im Dunkeln" um Programm stoungen. Stephanie WEYER & Mireille PENNING - 05/2017


HAPPY BIRTHDAY I.M.PEI
LJBM-SCHÜLER ENTDECKEN DE MUDAM

Am Kader vum 100-järegen Gebuertsdag vum weltbekannten amerikaneschen Star-Architekt mat chineseschen Wuerzelen Ieoh Ming PEI, gebuer den 26. Abrëll 1917, (Architekt ë. a. vun der Pyramide vum Louvre zu Paräis an dem Musée d’Art Contemporain zu Lëtzebuerg, « Pei-Musée ») kruten ons Bautechniker-Schüler vun der T3GC3 den 28. Abrël 2017 Geleeënheet, fir Lëtzebuerger Wierk vum Här PEI « Meister des Lichts » um Kierchbierg kennenzeléieren (www.mudam.lu). D’Schüler vun der T3GC3-Klass waren an der Begleedung vum André Wildschutz. André WILDSCHUTZ - 05/2017



3e-SCHÜLER ZU BERLIN

Ons 3e-Schüler krute vum 28. Abrëll bis zum 2. Mee d'Geleeënheet, fir d'Weltmetropol Berlin z‘entdecken. Um Programm stoung ënnert anerem e Vëlostour duerch Berlin-Mitte, Visite vum Holocaust-Denkmal a vum STASI-Gefängnis Hohenschönhausen souwéi en Ofstiecher op Potsdam. Begleet goufe si vum Guido Lessing a vum Sandra Fratini. Sandra FRATINI - 05/2017


HOLZGAU 2017

E Samsden den 20. Mee fueren d'Klassen 4CM1, 4CM2, 10TG an 10PS an de Naturstage op Holzgau an Éisträich. De Blog ass online. Zéckt net laanscht kucken ze kommen an e Commentaire ze hannerloossen. David MARCUS - 05/2017


DECOUVERTE DU SHAOLIN QI GONG

Ce vendredi 5 mai, les élèves de la classe ACCU1 ont eu l'occasion de suivre un cours de SHAOLIN QI GONG donné par Madame Nadine BECKER. Véronique MUSEUR - 05/2017


VISITE PEDAGOGIQUE 13GE1

De 7. Abrëll war d'13GE1 mam Däitschcours d’KZ Natzweiler / Struthof besichen an dono zu Stroossbuerg. Barbara FABER - 05/2017



THEATEROWEND

Kuerz virun der Ouschtervakanz hat den Theatergrupp vum LJBM op déi véiert Editioun vu sengem Theaterowend agelueden. 22 Schüler aus dem cycle inférieur a supérieur stungen op der Bühn an hunn an engem gutt gefëllten Festsall hiert Talent an hir Spillfreed ënner Beweis gestallt. D’Schüler an d‘Enseignanten hate sech säit Januar intensiv op d’Virféierung virbereet an een ofwiesslungsräichen Owend mat kuerzen Theaterstécker a Sketcher op franséisch, lëtzebuergesch an däitsch gebueden. Tëschenduerch gouf et musikalesch Ënnerhalung vun der schoulinterner Band „Josy S(w)ings“ souwéi z’iessen an ze drénken. Bob LEURS - 04/2017 - Photos: David MARCUS


90. GEBUERTSDAG VUN DER SPORTLEGEND JOSY BARTHEL

De 24. Abrëll wär de Josy Barthel, deen am Joer 1952 fir Lëtzebuerg Olympescht Gold am 1500-Meter-Laf gewonnen hat, 90 Joer al ginn. No där immenser sportlecher Leeschtung zu Helsinki huet de gebiertege Mamer als President vun der FLA an der COSL staark un der Moderniséierung an Ëmstrukturéierung vum Lëtzebuerger Sport bäigedroen an och als Member vum Ministère vill am Land beweegt. Een ausféierleche Bericht iwwer de Josy Barthel kann een hei liesen. Bob LEURS - 04/2017

LW du 24/04/2017 - article complet


OLYMPIADE MATHEMATIQUE BELGE

Grâce aux très bons résultats obtenus aux épreuves éliminatoires de l’édition 2017 de l’Olympiade Mathématique Belge, trois élèves du LJBM –  Sevan Chretien (7ES1), Filip Rolla (7ES1) et Fabrice Stefanetti (3B) – étaient  parmi les 200 élèves luxembourgeois qualifiés pour la demi-finale nationale. Nos félicitations! Patrick SCHMITZ - 03/2017


FESTIVAL DES CABANES

Zwou Schülergruppen, aus dem Lycée Josy Barthel hunn an hirer Fraizait hire Projet fir den Festival des Cabanes entwéckelt an eragereecht. Ob de Fotoen sinn d’Projeten duergestallt, déi vum Jury ugeholl si ginn. Lo heescht et nach eng Kéier bëssen schaffen an déi zwou Cabanen bauen. Vum 12-15 Juli kennen des dann um Kierchbierg opgeriicht ginn, an ab dem 15 Juli kann jiddereen während dem Festival des cabanes d’Wierker vun de Schüler kucke kommen. Vill Spaass! www.cabanes.lu - Lisi SCHMITZ - 03/2017


SOUTENIR LES TALENTS SPORTIFS

LW du 28/03/2017


DE BLËTZ AM LJBM

LW du 24/03/2017


LJBM-SCHÜLER ENTDECKEN D’OPER

De 17. Mäerz hate ronn 150 7ème-Schüler aus dem Lycée Josy Barthel een Termin fir eng besonnesch Schoulvirstellung am Mamer Kinnéksbond. De Regisseur Stéphane Ghislain hat op eng spannend Begéignung mat der Konschtform Oper agelueden. Säi Stéck La Voce è mobile ass eng kuerzweileg an oft lëschteg Rees duerch d’Geschicht vun der Oper, an där dem jonke Publikum unhand vu berühmten Arien gewise gëtt, zu wat déi mënschlech Stëmm fäheg ass a wéi mam Ëmgang vun Theaterspill a Musik beandrockend poetesch Ausdrocksmëttel zustan kommen. Ee Merci un d’Enseignanten Françoise Christnach an Nadine Becker, déi dee flotten Ausflug organiséiert haten. 03/2017 - LW du 25/042017


SCIENCE FOR KIDS goes FACEBOOK

Dir fannt Science for Kids och lo op enger eegener Facebooksäit, wou eis Seancen ugekënnegt ginn, wou ee sech nach fir den 13. Mee aschreiwe kann (per Link op eis Projets-Säit), a wou och Fotoen vun de Séancen publizéiert ginn. Besicht eis, liked eis Säit oder deelt se gär mat äre Kollegen. Alain DONDELINGER - 02/2017 - LW du 04/04/2017



SCIENCE FOR KIDS infos

Du bass am Cycle 4, bass interesséiert un den Naturwëssen­schaften a méchs gär selwer Experimenter? Dann ass Science for Kids genee dat Richtegt fir dech! Erliew e flotten Nomëtteg am Lycée Josy Barthel zu Mamer: 3 Atelieren vu jeweils 50 Minutten an den Naturwëssen­schaften Physik, Chimie a Biologie, an zwar:
Dënschdes, de 7. Februar 2017
Donneschdes, de 16. Februar 2017
Donneschdes, de 6. Abrëll 2017
Samschdes, den 13. Mee 2017
Alain DONDELINGER - 01/2017


CLASSES DE NEIGE 2017

Vum 28.1. bis de 4.2. waren 93 Schüler vun de Klassen 6CM, 8ST an 8MO zu Saalbach-Hinterglemm (A). Eng Woch laang stunge verschidde flott Aktivitéiten an de Bierger um Programm, wéi z. B. Schlittschong fueren, rodelen, ... a virun allem Ski fueren. Méi Informatiounen, vill Photoen a Videoen fannt Dir um Hinterglemm-Blog. Patrick SCHMITZ - 01/2017


ÉISCHT HËLLEF COURS

Début des cours le 23 janvier 2017!


DÎNER DE NOUVEL AN

Veuillez vous inscrire avant le 19 décembre 2016 en versant la somme de 40€ sur le compte du ljbm (CCPL LU80 1111 2338 6494 0000). Une option végétarienne est disponible, veuillez préciser au moment de la réservation si vous souhaitez en profiter.



EXCURSION A LA PATINOIRE DE MAMER

Le vendredi 16 décembre 2016, les classes de 6e CM 1 et 2 ont passé une après-midi agréable à la patinoire de Mamer. Monique LINSTER - 12/2016


LJBM ÄISPIST 2016

d'7ES1 an d'7ES2 waren en Dënschden, den 20 Dezember, zesummen op der Äispist zu Mamer. Stéphanie Weyer - 12/2016


CHRËSCHTMAART ZU MAMER

Wéi all Joer war eise Lycée och dëst Joer erëm um Chrëschtmaart zu Mamer vertrueden. Eis Schüler vu 6e a 8e hu selwer gebastelt Chrëschtdekoratiounen, Kichelcher, Viz, Apfelschorle an Schokelasfondue verkaaft. Den Erléis ass fir d’Classe de neige zu Hinterglemm. De Proffecomité hat Samschden de mëtten op ee Patt op de Chrëschtmaart invitéiert a Sonnden de Mëtten hunn eis Musikanten a Sänger ee flotte Concert zum Beschte ginn. Ee grousse Merci un all d’Schüler an d’Enseignanten déi zum Geléngen vun dëser Aktivitéit bäigedroen hunn. Monique LINSTER - 12/2016


SAINT NICOLAS 2016

Ce mardi 6 décembre le LJBM a eu l'honneur de recevoir la visite de Saint Nicolas.


LJBM discovering VALENTINY FOUNDATION

Ons BTS-Studenten (Promotioun BCT2015 & BBI2015) kruten den 22. Dezember 2016 Geleeënheet, fir dat neit Gebai vun der VALENTINY FOUNDATION zu Remerschen ze entdecken. D’Studenten woren an der Begleedung vum Sandy Johanns, Jorge Machado an André Wildschutz. D’Missioun vun dëser Fondatioun ass d’Wierk vum Architekt François Valentiny ze konservéieren an engem breede Public zougänglech ze maachen. Och wann hautdesdaags vill um Computer geschafft gëtt, gehéiert de François Valentiny nach zur Generatioun vun Architekten, déi vill gezeechent, gemolt a Skulpturen realiséiert huet. Eng weider Missioun ass déi vun der Formatioun vun der jonker Generatioun.
« Apprendre à regarder et aider les jeunes »
Mir soen dem Här G.G. Kirchner, Direkter vun der Fondatioun, ee grousse Merci fir déi passionéiert Erklärungen zur Visite. André WILDSCHUTZ - 12/2016



RESEARCHERS' DAYS ZU BELVAL

D'3eBC war e Freiden, den 2. Dezember 2016 op d'Researchers' Days, organiséiert vum Fonds National de la Recherche (FNR) an der Rockhal zu Esch/Belval. Do hu mir eis un verschiddene Stänn mat aktuellen Themen aus der Fuerschung a mat klasseschen naturwëssenschaftleche Phänomener beschäftegt. Et war interessant, d'Theorie aus der Schoul emol praktesch ze erliewen. D’3eBC war begleet vum Pol Hermes (Chimie) a Jacques Pir (Biologie)


LJBM GOES MÉRITE JEUNESSE

Den 8. November ass de Mérite Jeunesse dann och elo offiziell am LJBM ugelaf. Un dësem internationale Programm hu schonn iwwer 8 Millioune Jonker aus 140 verschiddene Länner deel geholl. Ziel vum Mérite ass et, Jonker tëschent 14 a 24 Joer ze encouragéieren, sech an der Gesellschaft ze engagéieren, perséinlech Talenter ze entdecken an ze fërderen, nei Erfahrungen ze maachen an hiren Horizont esou ze erweideren. Ob Bronze, Sëlwer oder Gold, déi Jonk kënnen sech hire Parcours ganz individuell gestalten, an deem si hir Ausdauer, Motivatioun an hiert Engagement an ënnerschiddleche Beräicher op d’Prouf stellen. Weider Informatioune fannt Dir op:
http://merite.jeunesse.lu

Michel PUNDEL, Directeur adjoint du Lycée Josy Barthel de Mamer et Astrid DE LEEUW, secrétaire générale du Mérite Jeunesse Luxembourg - 11/2016
Luxemburger Wort du 16/11/2016


FOIRE DE L'ÉTUDIANT

La section BTS du LJBM a été représentée lors de la foire de l'étudiant ces 9 et 10 novembre 2016.

David LARANJA et Anthony LLOYD - 11/2016


LORIS ZANIER

Suite au décès inopiné de Loris Zanier qui avait seulement commencé à travailler au lycée en septembre dernier, le LJBM garde le souvenir d’un collaborateur très intéressé, motivé et jovial. La communauté scolaire a exprimé ses condoléances les plus sincères à la famille éplorée. 11/2016


“JOSY BETS”- FONDS DE SOLIDARITÉ

"Josy Bets", 2 Tippspiller am Kader vun der Fussball-EM 2016 a Frankräich, organiséiert vum Andrea Fiorucci, Yvan Kieffer a Gilles Klein, sou wéi den Erléis vum Verkaf vum Ford Fiesta, e Konschtprojet realiséiert vun de Schüler an hiren Enseignanten Marc Klein, Maurizio di Stasi a Gilles Klein, hunn zesummen 500€ erabruecht, déi un de Fonds de solidarité vum LJBM iwwerwise goufen. Gilles KLEIN - 11/2016


EE KICK FIR KRANKHEETEN

Freides, den 9. Dezember 2016 fënnt an der Sportshal vum Mamer Lycée de Fussballstournoi “EE KICK FIR KRANKHEETEN” statt. Während 30 Stonnen hutt Dir d'Méiglechkeet, Är Fussballskënscht ënner Beweis ze stellen. Den Erléis ass fir de gudde Zweck a gëtt integral un den Téléthon iwwerwisen. Schreift Iech bis en Dënschden, de 6. Dezember, a Gruppen vu je 6 Leit an eng vun de Lëschten an, déi duerch d'Schoul opgehaang sinn. Weider Informatiounen fannt Dir um Site: http://www.ekfk.lu. Vill Spaass! Sandra FRATINI - 11/2016


EXPOSITION sur LES DROITS DES ENFANTS

Le 20 novembre 1989, l’Assemblée Générale des Nations Unies a adopté la Convention internationale des Droits de l’Enfant. Pour célébrer l’anniversaire de cet évènement, les classes de 7STP 1 et 2 ont préparé une exposition visible jusqu'au 12 décembre dans le hall du lycée. Sophie D'INCAU - 11/2016


DES BOUGIES QUI AIDENT VRAIMENT

Depuis 31 ans, la section luxembourgeoise d’Amnesty International contribue à faire libérer des personnes et à sauver des vies grâce à la vente de bougies.

Nous sommes heureux de vous annoncer donc le lancement de la campagne bougies 2016. Placée sous la devise « Des bougies qui aident vraiment », la campagne mettra en avant le rôle de la bougie pour faire libérer des personnes et sauver des vies. Les fonds récoltés sont indispensables à la réalisation des missions d’Amnesty International : protéger les personnes, abolir la peine de mort et toutes formes de mauvais traitement. Ainsi, en 2016, 22 prisonniers ont été libérés et 3 exécutions ont été annulées grâce à la bougie d’Amnesty.

En outre, le 10 décembre, à l’occasion de la journée internationale des droits de l’Homme, Amnesty International nous invite à allumer notre bougie en solidarité avec toutes les personnes menacées ou victimes d’entrave à la liberté d’expression, de torture, de discrimination, de menaces, de violences, pour n'en nommer que quelques-uns. Dishny FERNANDO - 11/2016


ERASMUS+
Remise de certificats “Europass Mobilité”

Dans le cadre d’une réunion d’information pour les élèves intéressés à participer en 2017 au projet Erasmus+ du LJBM, des certificats « Europass Mobilité » ont été remis le 14 novembre 2016 aux quatre élèves ayant participé à ce programme en juin 2016. Les élèves Sally Fischer, Vanessa Peresi, Edin Dreco et Daniel Lago Castro avaient fait un stage en entreprise de 4 semaines dans des bureaux d’architecte et bureaux d’études à Hamburg et avaient bénéficié dans ce cadre d’une bourse Erasmus+ financée par la Commission Européenne.



Edin Dreco, Daniel Lago Castro, Vanessa Peresi et Sally Fischer entourés par Patrick SCHMITZ, Roland HERRMANN et Michel PUNDEL - 11/2016


PROJET D'ECHANGE SCHUMAN

Vum 5. bis den 19. November fënnt déi zweet Etapp vum Schuman-Austausch statt. Nodeems hir Partnerschüler virun engem Mount zwou Wochen zu Lëtzebuerg verbruecht haten, sinn elo 14 Schüler aus dem LJBM vu 6e/8e a 5e/9e fir zwou Wochen bei hirem Austauschpartner am Ausland a ginn do mat an d'Schoul. Mir wënschen hinnen ganz vill flott Erliefnisser an eng onvergiesslech Erfahrung bei dësem Schüleraustausch. Patrick SCHMITZ - 11/2016


LIESNUECHT

Vendredi, le 11 novembre 2016, des élèves de 8e MO, de 8e ST et de 6e ont participé à notre traditionnelle "Liesnuecht" (nuit de la lecture). Les élèves ont passé la nuit dans notre bibliothèque. Pendant la soirée, des histoires fantastiques ont été lues par les enseignants et les élèves ont pu particper à deux ateliers: fabrication de marque-pages et maquillage de visage. Anouk MEYER - 11/2016


JOURNÉES DU PATRIMOINE 2016

Am Kader vun den Journées du Patrimoine 2016 kruten d’Schüler vun der T3GC3 d’Geleegenheet, fir um Vernissage vun der Ausstellung « Denkmalschutz und Barrierefreiheit » an un der uschléissender Konferenz « Denkmal im Design for All » deelzehuelen. Dës Wanderausstellung ass konzipéiert ginn vun der TU Berlin am Atelier vum Professer Burkhard Lüdtke (modellunddesign.de). Studenten hu Virschléi (Zeechnungen a Modeller) entwéckelt, fir Berliner Baudenkmäler barrierefrei ze maachen. Mir soen dem Team vun der TU Berlin (Burkhard Lüdkte, Annette Müller, Robert Niemann an Dimitri Bohl) an der Madame Ingeborg Stude vun der « Senatsverwaltung für Stadtentwicklung und Umwelt Berlin / Koordinierungsstelle Barrierefreies Bauen » ee grousse Merci fir d’Präsentatioun an d’Erklärungen vun deenen exemplareschen Virschléi vun enger barrierefreier Gestaltung fir historesch Gebeier un ons interesséiert Schüler. Mir hunn vun de Berliner vill bäigeléiert. André Wildschutz - 11/2016


VISITE DE LA COUR
DE JUSTICE EUROPEENNE

Ce vendredi 11 novembre, les élèves de la 2e C et de la 12e GE du LJBM ont visité la Cour de Justice Européenne au Kirchberg. A l’ordre du jour était une conférence qui s’intitulait « Les bâtisseurs de l’Europe ».  Les invités étaient les présidents respectifs du parlement, de la commission ainsi que de la cour de justice européenne. Martin Schulz, Jean-Claude Juncker et Koen Lenaerts parlaient pendant plus de 2 heures aux élèves qui étaient entourés par des collègues de lycées venant de toute la Grande-Région. Ceci leur a permis de faire la connaissance des expériences personnelles de ces 3 hommes politiques et comment ils ont vécu la construction de l’Europe. La session de réponse-question, dirigée par les élèves, donnait des perspectives intéressantes sur le futur de l’Union Européenne que les 3 hommes souhaitent créer ensemble avec la jeune génération qui a assisté au colloque. Yves MEYER - 11/2016 - Photo: RTL



LA RADIOACTIVITÉ
NOCIVE OU INOFFENSIVE ?

D’11PS war am Kader vun der Ausstellung SPARKS, organiséiert vum Lëtzebuerger Science Centre, an de Forum um Geesseknäppchen d’Konferenz "La radioactivité – nocive ou inoffensive ?" lauschteren.  Et war super interessant, an den Dr. Patrick Majerus (Chef vun der Radioprotection um Ministère de la Santé) ass och ganz vill op eis Froen agaangen. Elo wësse mir, wou vill Radioaktivitäit ass, op wat een oppasse soll a wou d’Geforen sinn. Mir soen dem Här Majerus villmools Merci! Mir hu vill bäigeléiert! Claude LORANG - 10/2016


ECHANGE SCOLAIRE SCHUMAN

Mir si frou, vum 24. September bis den 8. Oktober 15 Schüler aus Däitschland a Frankräich an eiser Schoul begréissen ze kënnen. D’Schüler maachen während zwou Wochen en Austausch bei engem Schüler aus dem LJBM, liewe bei hinnen a gi mat hinnen an hir Klass. Dëse Schüleraustausch fënnt am Kader vum SCHUMAN-Programm statt. Vum 5. bis de 19. November ass et dann un deene 15 Schüler aus dem LJBM, déi alleguer op 6e/5e/8e/9e Klassen sinn, fir zwou Wochen bei hirem Austauschpartner an Däitschland oder Frankräich ze verbréngen.

Mir wënschen all dëse Schüler vill flott Erfahrungen am Kader vun dësem Austausch.

Mëttwochs, den 28. September, hunn d’Austauschschüler zesummen mat hire Lëtzebuerger Partnerschüler un engem Ausfluch deelgeholl. No enger Visite vum Schlass vu Veianen konnte si sech bei flotten Aktivitéiten am Héichseelpark vu Veianen besser kenneléieren. Patrick SCHMITZ - 10/2016


VISITE VUN DE SCHÜLER
AUS DEM 3. SCHOULJOER VUM BRIDEL

D’3. Schouljoer vum Bridel huet a sengem Science-Cours d’Thema Loft behandelt. Duerno si si an den LJBM komm, fir e puer interessant Experimenter iwwer d’Loft an de Loftdrock gewisen an erkläert ze kréien. D’Kanner ware ganz begeeschtert an opmierksam. Duerch hierem Schoumeeschter, dem Här Stephany, seng gutt Viraarbecht konnte si immens gutt matschaffen. Claude LORANG - 10/2016


INDESCHEN OWEND AM LJBM

De 17. Mäerz huet fir d’zweete Kéier eng 'Soirée Indienne' am Lycée Josy Barthel zu Mamer stattfonnt. Zwielef Schüler aus dem LJBM an aus anere Schoulen hunn der Organisatorin Sushita Oberlé fräiwëlleg gehollef, ee schéinen Owend mat indeschem Iessen, Gedrénks a Musik op d’Been ze stellen. Mam Erléis vun der Soirée ginn an Indien Organisatiounen ënnerstëtzt, déi sech fir d’Bevölkerungsgrupp vun den Adivasi asetzen. De Scheck am Wäert vun 2000€ ass der Presidentin vun der 'Aide à l’Enfance de l’Inde', Liliane Ries, an dem fréiere President Gusty Braun iwwerreecht ginn. Eng weider Editioun vum indeschen Owend am LJBM steet sécher um Programm, dëst Joer am Kader vum neien projet d’établissement “Josy Helps”. Bob LEURS - 10/2016